Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg, e Vëlosland?

Mobilitéit

Lëtzebuerg, e Vëlosland?

Et gouf an de leschte Joren net genuch fir d'Vëlosfuerer gemaach. Dat stellt d'ProVelo A.S.B.L no 10 Joer blo-rout-grénger Regierung fest. Virop wat d'Sécherheet fir d'Vëlosfuerer ugeet. D'Initiative, déi mëttlerweil eng 1.800 Memberen huet, fuerdert, datt déi aktiv Mobilitéit an den nächste Jore d'Prioritéit vun der Politik gëtt.

auto_stories

3 min

D'Initiative ProVelo fuerdert, datt déi aktiv Mobilitéit an den nächste Jore d'Prioritéit vun der Politik gëtt. (Foto: Claude Biver)

De Vëlo soll an den nächste Jore prioritär an d'Verkéiersplanung vun de Gemengen afléissen. ProVelo huet deementspriechend Revendicatiounen en vue vun de Gemengewale presentéiert.

Sensibilisatioun fir d'Gemengen

Fir d'Gemengepolitiker ze sensibiliséieren a fir d'Bierger bei hirer politescher Wal ze orientéieren, huet ProVelo e Froekatalog opgestallt. Mat dem sollen d'Bierger d'Kandidate vun de Gemengewale konfrontéieren, erkläert d'Presidentin vu ProVelo Monique Goldschmit:

"Op ganz ville Plazen ass guer net gewosst wéi vill Vëlosfuerer et iwwerhaapt gëtt. Wien huet e Vëlo? wie fiert Vëlo? Wie géif gäre Vëlo fuere wann en dat sécher kéint maachen? An dat gëtt ganz dacks verkannt. Well wann ech eng Situatioun hunn enzwousch, wou et geféierlech ass an da gëtt gesot, do muss eng Vëlosinfrastruktur kommen an et kritt ee gesot: ma do fiert dach keen. Da muss een dat a Fro stellen, wisou fiert dann do keen?"

Wësst Dir wéi vill Leit bei Iech an der Gemeng mam Vëlo fueren? Wëllt Dir eng sécher an duerchgoend Vëlosinfrastruktur an ärer Gemeng realiséieren? Oder nach: Wéi stitt Dir zu enger allgemenger Geschwindegkeets-Begrenzung vun 30 km/h op alle Stroossen bannent den Dierfer? Dat sinn e puer Froen déi d'Politiker solle beäntwerte kënnen.

Feelend Infrastruktur a Manktem u Sécherheet

D'Monique Goldschmit hofft, datt Lëtzebuerg bis 2035 e Vëlosland wäert sinn. Déi gréissten Doleancen, déi d'Vëlosfuerer hei am Land hätten, wieren déi onkomplett a feelend Infrastrukture fir de Vëlo an de Manktem u Sécherheet fir d'Velosfuerer. Der Meenung ass de Raoul Petit vu Velo Diddeleng:

"Vëlosweer, déi duerchgoend sinn, wou net op eemol eng geféierlech Kräizung opdaucht wou een net méi sécher kann driwwer fueren. An datt d'Weeër kohärent sinn. Datt se breet sinn. Datt Konfliktpotentialer méiglechst reduzéiert ginn. Sief et mam Auto, sief et op engem Chemin mixt mat de Foussgänger."

An de leschte Jore wier zwar méi, mee net genuch geschitt, bedauert d'Monique Goldschmit. Et wier annoncéiert ginn, d'Lücken am nationale Vëlosnetz verschwannen ze doen.

Verschidden Infrastrukturen ewéi de Vëloswee laanscht den Tram oder d'Vëlosbréck ënnert dem Pont Adolphe hätten och dozou bäigedroen. Dat wiere prestigiéis Objeten, déi och vill genotzt géinge ginn, esou d'Presidentin vu ProVelo, mee ënnert dem Stréch wier nach Loft no uewen:

"Mee dat geet net duer fir datt ee vun A no B tëschent den Uertschafte kennt. Am Süde fir vun enger Uertschaft an déi aner ze fueren huet sech net vill verännert an de leschte Joren."

Ee klore Message un de Mobilitéitsminister

Op der Generalversammlung vu ProVelo um Freideg Owend well d'Monique Goldschmit dem Mobilitéitsminister François Bausch deemno dëse Message mat op de Wee ginn:

"Datt een elo soll déi Gesetzer, déi net gemaach goufen, nach duerch kritt, fir datt de Vëlo e rechtleche Statut kritt. Dee misst vill méi grouss si wéi bis elo."

An datt d'Aarbecht, déi bis elo ugeduecht gouf, och ka sou weider goen, esou nach d'Monique Goldschmit. Lëtzebuerg kéint sech en Numm maachen als Velosstad. Ma dofir missten d'Politiker eng Visioun hunn, wéi de Vëlosverkéier an Zukunft soll ausgesinn, esou d'Presidentin vun der ProVelo ASBL.