Radioen

On air

De Moien  |  Isobel Campbell - 4316

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg dréit weider Sanktioune géint Russland mat

Sanktioune géint Russland

Lëtzebuerg dréit weider Sanktioune géint Russland mat

D'EU-Kommissioun huet de Mëtteg e Pak mat geplangten neie Russland-Sanktioune presentéiert. Dozou gehéiert ënner anerem ee Verbuet fir Kuel aus Russland z'importéieren, eng Hafespär fir russesch Schëffer a weider Limitatioune fir den Handel mat Russland. Ob d'Sanktioune wéi proposéiert decidéiert ginn, hänkt vun de 27-EU-Memberstaaten of. Lëtzebuerg ass prett, weider Sanktioune mat ze droen, ma warnt och vrun de Konsequenzen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

"Et ass fir eis ganz wichteg, datt mer och weiderhin e staarke Message a Richtung Russland schécken", esou am Kontext vu weidere Sanktiounen, déi Lëtzebuerger Finanzministerin Yuriko Backes am 100,7-Interview. No den Atrocitéiten, déi een de Weekend gesinn hätt, géif et eng Volontéit ginn, iwwer weider Sanktiounen ze schwätzen a Lëtzebuerg wéilt weider Sanktioune mat droen. D'Diskussiounen doriwwer solle sou séier wéi méiglech dës Woch sinn, esou d'Yuriko Backes.

No de Biller, déi de Weekend aus der Ukrain koumen, stellt d'Finanzministerin fest, datt dat wat am Land geschitt "total inacceptabel" ass.

Yuriko Backes: Och op déi eege Wirtschaft kucken

Wat nei Sanktiounen ugeet, misst een awer kucken, datt een d'Decisiounen op Dauer kéint mat droen, erkläert d'Yuriko Backes. Et dierft een net vergiessen, datt déi aktuell Sanktioune schonn een Impakt op d'Ekonomië vun den EU-Staaten hunn. "Dat ass ganz kloer de Präis, dee mir misse bezuelen." An dat misst een de Bierger erklären, esou d'Finanzministerin.

"Et ass ganz einfach ze soe mir brauche méi Sanktioune, mir brauche méi Sanktiounen. Jo, mir brauche méi Sanktioune, mee da misste mer eis och bewosst sinn, déi Konsequenzen déi dat wäert hunn. A si mir wierklech capabel, bei verschiddenen Decisiounen, déi da villäicht elo virun der Dir stinn, d'Konsequenzen ze droen, um ekonomesche Plang a sämtlechen Etats membres an och zu Lëtzebuerg?"

Dat wiere "ganz grav Froen", ënnersträicht d'Yuriko Backes, a verweist op d'Inflatioun, déi klëmmt an op d'Kafkraaft déi zeréck geet.

"D'EU muss zesumme stoen"

Et wier awer net esou, datt déi Lëtzebuerger Regierung, wéinst dem Impakt, Sanktiounen am Energieberäich net mat géif droen. Et misst een als Europäesch Unioun zesummestoen an domat e wichtege Message no bausse ginn.

"D'EU muss zesumme stoen, muss weider zesumme stoen, an déi Decisiounen déi geholl ginn op de Sanktiounen, déi droe mer all zesummen."

Jean Asselborn: Lëtzebuerg "solidaresch"

Lëtzebuerg misst "extrem bescheiden" sinn, well et keng direkt Leitungen a Russland huet. "Mir wëssen, datt och ënnert deem Gas, dee mer kréien, russesche Gas drënner ass, an dass vill Betriber och zu Lëtzebuerg mat Gas fonctionéieren."

D'Decisioun, ob et zu zousätzleche Sanktioune kënnt, géif awer um europäeschen Niveau geholl ginn an da wier Lëtzebuerg "wéi an allen anere Saache solidaresch", esou de Jean Asselborn.

Iwwert d'Fro vu weidere Sanktioune géint Russland wäert e Mëttwoch an en Donneschdeg och beim Treffe vun den NATO-Ausseministeren zu Bréissel geschwat ginn, esou nach de Jean Asselborn.