Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg fuerdert Enn vum Verbrennungsmotor bei Camionen

EU-GRENZWÄERTER

Lëtzebuerg fuerdert Enn vum Verbrennungsmotor bei Camionen

Lëtzebuerg an d'Belsch, Holland an Dänemark fuerderen een Enn vum Verbrennungsmotor bei Camionen. D'EU-Kommissioun misst een Datum festleeën, vu wéini u Camionen a Bussen, déi nei zougelooss ginn, keng CO2-Emissioune méi dierfen an d'Loft blosen, fuerderen d'Länner an engem Pabeier.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / IvanSpasic

Lauschterenplay_arrow


Lëtzebuerg appelléiert zesumme mat dräi aneren EU-Länner un d'Europäesch Kommissioun, een Datum fir den Ënn vum Verbrennungsmotor bei Poids lourdsen ze fixéieren.

Méi streng Reegele fir d'Emissiounen am Transportsecteur ze reduzéiere wieren néideg, fir d'Klimaziler ze erreechen, heescht et an engem Pabeier un d'Kommissioun, deen eis virleit.

D'Industrie wier prett, an noer Zukunft Gefierer ze liwweren, déi keng CO2-Emissioune produzéieren. Déi entspriechend Technologie wier do, heescht et an Pabeier, deen eis virläit.

Nieft dem Grand Duché gouf d'Schreiwes och vun der Belsch, Holland an Dänemark ënnerschriwwen.

Reduktiounsziler fir Camionen a Busse bis 2030 verschäerfen

D'Kommissioun ass am Gaangen un enger Revisioun vun den aktuelle Grenzwäerter fir d'CO2-Emissioune fir Poids lourdsen ze schaffen. Dora misst d'Zil vu Null-Emissioune fir nei Gefierer, déi um Marché zougelooss ginn, festgehale ginn, heescht et am Pabeier.

Een Datum gëtt net genannt, et misst séchergestallt ginn, datt d'Zil konform ass mat deem, datt d'EU bis 2050 CO2-neutral ass. D'Reduktiounsziler fir Camione bis 2030 missten iwwerdeems verschäerft ginn.

Déi nei Reegele misste sou séier ewéi méiglech virleien, fuerderen déi véier Länner.

D'Kommissioun hat d'Propos fir déi iwwerschafften Direktiv d'éischt fir Enn November zejoert virgesinn. Elo soll de Vizepresident Frans Timmermans se Mëtt Februar presentéieren.