De "Jo" fir déi an der Europäescher Unioun ëmstridden Ännerungen an den Traitéen ass an deem Schreiwes virsiichteg formuléiert.
Et wier ee prinzipiell op fir Changementer, déi zesummen definéiert ginn, heescht et am Text, deen nieft Lëtzebuerg och Däitschland, Holland, d'Belsch, Italien a Spuenien ënnerschriwwen hunn.
Deem steet ee Statement vun 13 Länner géigeniwwer, déi sech Ufanks der leschter Woch kloer dogéint ausgeschwat haten, un d'EU-Verträg erunzegoen. D'EU géif gutt funktionéieren, et géif kee Grond fir institutionell Reformen, sou déi meeschtens Nord- an Osteuropäesch Länner.
D'Publikatioun koum direkt nodeems de Fuerderungskatalog vun den zoufälleg erausgesichte Bierger, déi ee Joer laang an der Konferenz diskutéiert haten, den EU-Spëtzten iwwerreecht gi war.
Propose sollen analyséiert an ëmgesat ginn
Déi Konferenz iwwer Zukunft vun Europa wier eng gutt Geleeënheet fir d'EU wieder ze entwéckelen, schreiwen déi sechs aner Länner an hirem Pabeier.
D'Europäesch Kommissioun sollt Proposen elo opdeelen an déi, déi op individuell Politikfelder offiziellen, an déi, fir déi eng institutionell Reform an Ännerungen an den Traitéen gebraucht géif.
Et wier wichteg, de Bierger ze weisen, datt hir Proposen analyséiert an och ëmgesat ginn, wa sech dann dofir eng Majoritéit fënnt.
Dat dat de Fall wäert sinn, ass awer net gesot. Bis elo hu sech méi EU-Länner géint Reformen ewéi dofir ausgeschwat.