Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg: 264 Persoune fälschlecherweis geimpft

Feeler bei den Invitatiounen

Lëtzebuerg: 264 Persoune fälschlecherweis geimpft

Bal d'Hallschent vun deene Leit, déi rezent fälschlecherweis fir eng Impfung ageluede goufen, sinn där Invitatioun och nokomm. De Gesondheetsministère sot eis op Nofro hinn, datt fir déi éischt Phas vun der Impfung 600 falsch Invitatiounen erausgaange sinn. 44 Prozent vun de Betraffenen hu sech doropshin och impfe gelooss, dat sinn 264 Persounen.

auto_stories

1 min

Wéi mir Mëtt Februar scho gemellt haten, ware bei den Invitatioune Feeler geschitt, well d'Leit dem Patron no ugeschriwwe goufen. Betraff waren zum Beispill d'Croix Rouge oder nach d'Fondation Elisabeth. D'Fondatioun bedreift awer zum Beispill, nieft Altersheemer, ënner anerem och Maison relaisen, sou datt och Edukateuren invitéiert goufen, déi awer net an der éischter Impfphas virgesi waren. Den Direkter vun der Inspection Générale de la Sécurité Sociale, Tom Dominique huet e Samschdeg an eiser Emissioun "Riicht Eraus" d'Responsabilitéit fir e weidere Feeler bei den Impfinvitatiounen iwwerholl: wärend der Phas 1 goufen duerch en Iertum och all d'Gemengesyndikater ugeschriwwen.