Dänemark huet d'Impfunge mat dësem Vaccin dofir am Moment ganz gestoppt. Och Norwegen an Island impfen am Moment virsiichtshallwer guer net mat AstraZeneca. An der EU, halen nieft Lëtzebuerg, iwwerdeems och Eisträich, Litauen, Lettland an Estland am Moment eng bestëmmte Liwwerung vum Vaccin zréck.
Ob d'Thrombose-Fäll an direktem Zesummenhang mat der Impfung stinn ass am Moment nach net kloer. Déi zoustänneg Autoritéite sinn am Gaang dat ze préiwen.