Radioen

On air

De Moien  |  Bryony Jarman-Pinto - Feel Those Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Letz Rise Up: Strukturelle Rassismus gëtt et och zu Lëtzebuerg

Gesellschaft

Letz Rise Up: Strukturelle Rassismus gëtt et och zu Lëtzebuerg

Nom Doud vum Afroamerikaner George Floyd duerch Policegewalt an der US-Stad Minneapolis, rifft d'Association Lëtz Rise Up fir muer Freideg zwou Auer zu enger Solidaritéitsmanifestatioun virun der amerikanescher Ambassad op. Strukturelle Rassismus wier net just e Probleem an den USA, mee och zu Lëtzebuerg, soen d'Organisatricen.

auto_stories

2 min


Lauschtert de Bäitrag vum Michèle Sinner


Dee strukturelle Rassismus géif hei zu Lëtzebuerg net zu esou schroer Police Gewalt féieren, wéi an den USA, esou d'Sandrine Gashonga vun Lëtz Rise Up. Och zu Lëtzebuerg, wou Rassismus zwar zu manner Police-Gewalt géif féiere wéi an den USA, géif en zu Diskrimatioun um Logementsmarché, an der Schoul an an der Aarbechtswelt féieren.

Déi Aussoen baséiert d'Sandrine Gashonga ënner anerem op Etüden. D'Resultater am Rapport Being black in Europe vun der EU Agence fir Grondrechter, dee virun zwee Joer verëffentlecht gouf, géife Suergen maachen, seet si.

De Rapport géif feststellen, datt Lëtzebuerg eent vun den dräi éischte Länner ass, an deem de Rassismus am meeschte vun de Concernéierte gespuert gëtt.

Eng aner rezent Etüd vum Lëtzebuerger Cefis hätt gewisen, datt beispillsweis Capverdianer systematesch an den technesche Lycéesregime géifen orientéiert ginn. Wäiss Mënsche géifen dacks an de Classique orientéiert ginn. D'Sandrine Gashonga gesäit heiran eng flagrant diskriminatoresch Praxis. Eventuell géif dat onbewosst geschéien, ma nach wier et eng diskriminatoresch Praxis, well ee gesellschaftleche Persounegrupp systematesch benodeelegt géif ginn.

Lëtz Rise Up hofft, datt de Freideg ronn 1.000 Persounen de Wee op hir Manifestatioun fannen. D'Participante si gebueden all hir Masken unzedoen an de virgeschriwwene Sécherheetsofstand anzehalen. D'Organisatricë wëllen an den eegene Reie Leit designéieren, déi dorop sollen oppassen.