Radioen

On air

Tockcity  |  Master Peace - Start You Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Parquet freet 9 Méint mat Sursis fir de Frank Engel

Justiz

De Parquet freet 9 Méint mat Sursis fir de Frank Engel

Leschte Prozessdag haut ëm den CSV Frëndeskrees: Et geet jo do ëm en Aarbechtskontrakt deen de Frëndeskrees mam deemolege CSV-President Frank Engel ofgeschloss huet. Parallel geet et ëm de Virement vu Cotisatiounen un de Frank Engel. Viru Geriicht veräntwerte musse sech de Frank Engel, den deemolege Generalsekretaer Felix Eischen, zwee Caissieren an dräi Membere vum Verwaltungsrot vun der asbl.



auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Néng Méint Prisong mat integralem Sursis fir de Frank Engel, sechs Méint mam Sursis integral fir Felix Eischen an André Martins an eng Geldstrof fir Stephanie Weydert, Elisabeth Margue, Georges Pierret a Georges Heirendt, sou de Requisitoire vum Parquet de Moien. De Procureur huet Punkt fir Punkt nogewise wou déi eenzel Prevenue sech schëlleg gemaach hunn. Et hätt ee Kontrakt bestanen deen als Konstrukt benotzt gi wier fir dem Frank Engel eng Pai ze bezuelen. Eng Pai fir eppes, wat deen als Präsident souwisou hätt misse maachen ouni dofir bezuelt ze ginn. De Frank Engel selwer hätt ëmmer nees Drock gemaach fir d'Gelder iwwerwisen ze kréien. D'Caissieren hätten dem Drock noginn ouni sech mat de Parteigremien ofzeschwätzen. Als Matwësser hätte sech och déi aner Membere vum Verwaltungsrot vun der asbl schëlleg gemaach, obwuel se net ënnerschriwwen haten.

Virdru waren et nach d'Plaidoyerië vun den Affekote vum Stephanie Weydert, vum Elisabeth Margue a vum Georges Pierret. De Maitre Max Lehnen huet ëmmer nees duergeluecht, datt seng Mandantinne vum Aarbechtsvertrag mam Frank Engel weder woussten nach an iergend enger Form mat decidéiert hätten. Et gouf wuel en Accord de principe a wéi enger Form de Frank Engel kënfteg kéint fir de Frëndeskrees aktiv ginn, ma zu kengem Moment wier et dozou eng Decisioun ginn déi seng Mandantinne mat gedroen hätten. An dem Sënn wiere Fraude oder Ënnerschloe vu Gelder och als Uklopunkte vum Dësch.

Änlech argumentéiert huet och den Maître François Prum. Et hätt keng Absicht bestanen iergendeen ze schiedegen, well säi Mandant Georges Pierret näischt vun dësem Kontrakt wousst an och net materiell un dem Kontrakt matgeschafft hätt. Den Affekot huet sech och erstaunt gewisen, datt d'Prozedur esou séier weider gedriwwe gi wier, ouni datt en Untersuchungsriichter virgeschalt gi wier, deen eventuell d'Affär schonn am Virfeld hätt kënne klasséieren. Lo wier d'Zil erreecht: d'Leit wieren am Public geschiedegt. De Maître Prum huet dann och de Fräisproch fir säi Mandant gefrot.

D'Urteel gëtt den 9. Dezember geschwat.