Chamberwahlen 2018 "Lëschte kënnen net zeréckgezunn an net geännert ginn"

D'Gesetz gesäit weder eng Méiglechkeet vir, fir eng Kandidatelëscht fir d'Chamberwahlen zeréckzezéien, nach fir e Kandidat vun enger Lëscht ze sträichen. Dat confirméiert d'Joséane Schroeder, Presidentin vum Haaptwahlbüro an der Stad.

Maxi Pesch / cz

Joséanne Schroeder
Joséane Schroeder ( Foto: Archiv)

Um Donneschdeg Owend hat d'Partei Demokratie annoncéiert, hir zwou Lëschten am Süden an am Zentrum wëllen zeréckzezéien. Dat, nodeems eng Rei Leit soten, si hätten ni hiren Accord ginn, fir Kandidat do ze ginn. Dat géif net goen, seet d'Joséane Schroeder.

"Wahlgesetz gesäit fir, datt d'Lëschte mussen deposéiert sinn, bis de 16. August um sechs Auer. Alles wat nom 16. August geännert gëtt, ass net méiglech. Et kann een also näischt dropsetzen an och näischt méi erofsetze vun deene Lëschten."

Déi Kandidaten, déi vun enger Lescht erof wéilten, misste sech juristesch berode loossen.

Wat sinn d'Conditioune fir Kandidat op enger Lescht ze ginn?

"Et ass eng Kandidatelëscht, déi mir erausginn an déi d'Parteie siche kommen. An do schreiwen d'Kandidaten hiren Numm, hire Beruff drop, an dann ënnerschreiwe si. Uewe steet Kandidat op dem Ziedel."

Manner Kontroll duerch digital Iwwerpréiwung vum Certificat d'inscription?

Dobäi muss de Kandidat beweisen, datt hien an de Wielerlëschten ageschriwwen ass. Anescht wéi bei de leschte Wahle muss eng Persoun dëse Certificat awer net méi selwer op d'Gemeng siche goen, erkläert d'Joséane Schroeder.

"Dee krute mir soss ëmmer an d'Haus einfach sou bruecht. Mee elo kënne mir dat iwwer de Registre national des personnes physiques nokucken. A mir hunn d'Autorisatioun vum Inneminister fir dat ze maachen. D'Leit mussen de Certificat net méi selwer bréngen."

Ob dës nei Méiglechkeet en Afloss op déi aktuell Affär ronderëm d'Partei Demokratie hat, konnt d'Joséane Schroeder net soen.

"Et ass ee Schrëtt manner, dat ass richteg. Mee op dat elo ausschlaggebend war, do sinn ech iwwerfrot."


De Panorama-Bäitrag vun 12 Auer vum Maxi Pesch:

Lauschteren

Méi zum Thema

Demokratie 2018
Chamberwahlen 2018

Op der Lëscht vun der Partei Demokratie sinn eng ganz Partie Leit déi soen, si hätten hiren Accord ni ginn, fir Kandidat ze ginn. D'Initiativ kritt Manipulatioun virgeheit. Verschidde Betraffener soen, si hätten eng Plainte gemaach.

Demokratie 2018 Exklusiv
Demokratie 2018

Dem Uschäin no huet keen Deputéierten d'Kandidatur vun der Biergerinitiativ Demokratie2018 mat senger Ënnerschrëft ënnerstëtzt. De leschte Freideg haten déi Responsabel vun där Biergerinitiativ dat virun der Press behaapt.

Philippe Poirier
Chamberwahlen 2018

De Politolog Philippe Poirier gesäit och zu Lëtzebuerg an den neie Lëschte virun de Chamberwahlen eng Tendenz, fir de politesche System a Fro ze stellen an eng direkt "Demokratie vum Vollek" ze froen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen