Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Loren Kramar - Hollywood Blvd

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lesbos: Médécins sans Frontières schléit Alarm

Flüchtlingscamp

Lesbos: Médécins sans Frontières schléit Alarm

MSF no ginn aktuell eng 940 Persounen op der griichescher Insel Lesbos vermësst. Dat, well si ni op der Plaz ukomm sinn. Et géifen och Berichter iwwer Gewalt a Mësshandlunge géint Flüchtlingen a Migrante ginn, heescht et vun der ONG. Dobäi kënnt, datt Griicheland zanter Mee 2023 refuséiere géif, de Refugiéen Iessen oder een Ënnerdaach ze garantéieren.

auto_stories

3 min

D'Flüchtlingscamp bei Moria op Lesbos, onwäit vum Camp Mavrovouni. (Foto: Adobe Stock)

Lauschterenplay_arrow


Zanter dem leschte Summer ass d'Hëllefsorganisatioun op der griichescher Insel aktiv. Zanterhier wiere si Zeie vun enger "grausamer Ofschreckungs-Strategie", sou Médecins sans Frontières an engem Communiqué.

Pushbacks vun de Flüchtlingen

MSF gëtt vu Partnerorganisatiounen alarméiert, wa Persounen op der Insel sollen ukommen, déi dréngend medezinesch Hëllef brauchen. Flüchtlingen a Migrante géifen awer beriichten, si wiere bei Versich op d'Insel ze komme vu maskéierte Persounen ofgefaangen an op d'Mier zeréck gedréckt ginn.

D'Nihal Osman, Projet-Coordinatrice vu Médecins sans Frontières op Lesbos, erkläert, wéi si d'Leit ophuelen.

"Nous recevons des alertes notamment par le Haut-Commissariat des Nations unies pour les réfugiés, précisant les noms de personnes arrivées. Ils nous envoient une liste, une alerte, un courriel, dans lequel se trouve les autorités. Et on va répondre en disant que nous sommes prêts à nous rendre sur cette localisation."

Médecins sans Frontière gëtt d'Informatiounen an d'Unzuel u vermësste Persounen un déi lokal Autoritéite weider, déi dann no de Vermësste sichen, sou d'Nihal Osman.

Keen Iessen, kee Gedrénks, keng Beweegungsfräiheet

De Camp zu Mavrovrouni am Oste vun der Insel gëtt vun der EU finanzéiert. An awer wieren d'Liewensëmstänn do schlecht, sou d'Vertriederin vu Médecins sans Frontières.

"Ce camp principal ou se trouvent actuellement environ 2500 personnes, que le ministère a décidé de ne plus fournir de nourriture ni d'hébergement aux personnes, qui ont reçu le statut de réfugiés et les personnes, qui ont des déboutés de leurs demandes d'asile."

Net nëmme géif de Flüchtlingen d'Garantie vun engem Ënnerdaach a vun Iessen a Gedrénks refuséiert ginn. Och d'Beweegungsfräiheet an de Campe géif un ee Prisong erënneren.

D'Hëllefsorganisatioun appelléiert elo un déi griichesch Autoritéiten an un d'Europäesch Kommissioun fir eng Enquête géint déi sougenannte Pushbacks vu Flüchtlingen duerchzefeieren.

Och d'Liewensëmstänn souwéi déi hygienesch a medezinesch Versuergung misste verbessert ginn. Dat virun allem am zweete Camp, erkläert Nihal Osman.

"C'est parce que les personnes doivent être enregistrer et non détenu dans cette espace. Et on appelle surtout les autorités grecques et la commission européenne à ne pas forcer les gens de se retrouver à la rue et les sortir du camp de Mavrvouni et des continuer à les nourrir."

Zuele vun der UNO no hätten Enn Abrëll ronn 5.200 Flüchtlingen op griicheschen Insele gelieft.