Radioen

On air

De Weekend  |  Calexico / Iron & Wine - Father Mountain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léopold-Statuen: De Steen ass um Rullen

DISKUSSIOUN ËM STATUEN

Léopold-Statuen: De Steen ass um Rullen

Den 30. Juni 2020 ass de 60. Gebuertsdag vun der Onofhängegkeet vun der Republik Kongo. Et ass och d'Deadline fir eng Petitioun, déi verlaangt, datt all d'Statue vum Kinnek Léopold II. sollen ewechgeholl ginn. Si gouf vun iwwer 82.000 Leit ënnerschriwwen. D'Diskussioun ronderëm déi belsch Kolonialgeschicht ass nei lancéiert, an et schéngt, wéi wann d'Kritik dës Kéier méi eescht geholl géif ginn.

auto_stories

5 min

Scho bal 100 Joer sëtzt de Léopold II. op sengem Päerd, zu Bréissel op der Place du Trône, net wäit ewech vum kinnekleche Palais. Elo soll dat Konschtwierk, dat de 15. November 1926 ageweit gouf, ewechgeholl ginn.

Där Meenung sinn op d'mannst iwwer 80.000 Leit an hunn eng entspriechend Petitioun ënnerschriwwen. Deen, deen déi Aktioun ugestiwwelt huet, ass grad mol 14 Joer al.

Roserei a Stolz op Statuen

Den Noah steet e bësse schei virun där imposanter Statu, hie géif nach u senger Performance schaffen, seet de jonke Belsch, deem seng Elteren aus dem Kongo kommen, virum Interview. Wann de Mikro un ass, klappt dat ganz gutt.

Firwat also muss de Léopold vum Sockel erof? Dee Mann wier responsabel fir den Doud vun zéng Millioune Kongolesen, dofir, datt klenge Kanner d'Hänn ofgeschnidde goufen, seet de Noah.

"Il a torturé toute une communauté, tout un pays. Je ne trouve pas qu'il doit être mis sur un piédestal et qu'il doit être honoré pour tout ce qu'il a fait. "

Et war d'Diskussioun ronderëm de brutalen Doud vum George Floyd an den USA, déi den Noah animéiert huet, aktiv ze ginn. Datt de Sujet vu Rassismus elo esou present an de Medien ass, misst een ausnotzen.

Am beschte Fall géifen d'Statuen ewechgeholl an duerch ee Mémorial, dat un déi Verstuerwen erënnert, ersat ginn: "Un symbole pour ce passé colonial, de cette facon, tout ce qui c'est passé pourra être commémoré d'une façon juste."

Doriwwer, wéi an der Belsch soll un den ëmstriddene Kinnek Léopold den II. geduecht ginn, ginn awer d'Meenungen auseneen.

"Ce n'est pas en déboulonnant que nous allons solutionner les choses, on ne tourne pas le dos à son passé", seet den Baudouin Peeters, dee mer doheem a sengem Gaart zu Kraainem, um Bord vu Bréissel begéinen. Am Virgäertchen hänkt dee belsche Fändel. Hannenaus stinn, méi als Dekoratioun, dräi Plastiksfotellen an de Nationalfaarwe schwaarz giel rout um frësch geméite Wuess.

De Baudouin Peeters ass Administrateur délégué vun der Union royale Belgo-Africaine a mécht keen Heel aus sengem Patriotismus. D'Roserei op d'Statue vum Léopold dem II. versteet hien net:

"Le roi Léopold était un visionnaire à bien des égards, notamment en matière culturelle urbanistique, économique. Je rappelle que la Belgique était la deuxième puissance industrielle au monde en 1900."

Als Beweis fir seng Vue vun der Geschicht huet hien d'Buch "Le Congo au temps des Belges" matbruecht, an deem verschidden Historiker een, wéi hie seet, objektive Bilan zéien.

Doran ginn, genee wéi a sengen Temoignagen, déi negativ Säite vum Léopold sengem Wierk kaum bis guer net beliicht. Amplaz dovun, vill Justifikatiounsversich.

"Il a structuré le Congo en terme sanitaires, de développement de moyens de communication, d'éducation, il a mis fin à l'esclavagisme, il a fait toute une série de choses positives, même s'il n'y a jamais mis les pieds."

Eng schwéier Aufgab: d'Memoire dekolonialiséieren

Zanter Jore versichen zu Bréissel Leit, och op déi aner Säit vun der Geschicht opmierksam ze maachen. Zum Beispill a sougenannte "visites guidées décoloniales":

"L'histoire que nous racontons, c'est l'histoire réelle du Congo, l'histoire d'un territoire qui a été hijacké par un individu et qui a installé un système de prédation. Où il a fallu tuer des gens, où on a dépossédé les gens de leur culture, on les a dépossédés de leur structure politique, on a tué des chefs traditionnels ..."

erzielt de Moïse Essoh vum Collectif mémoire coloniale. Hien zweiwelt net un der Responsabilitéit vum fréiere belsche Kinnek:

"Pour nous c'est lui qui a organisé tout ce système au Congo. Et donc, l'organisateur de ce système en est responsable, qu'il ne soit jamais allé au Congo, comme disent les coloniaux, cela ne change rien."

Et gëtt genuch Grënn, Léopold-Statuen ewechzehuelen, fënnt de Moïse Essoh. Et géif awer net nëmmen einfach drëms goen, Statuen vun hirem Sockel ze hiewen.

"Nous estimons que la décolonisation des esprits passera par le déboulonnage de ces statues. Mais il faut que ce soit un processus, si c'est juste déboulonner, pour dire, voilà il n'y a plus rien à voir, circulez, ce n'est pas intéressant pour nous. Et si c'est les laisser, en disant, oui c'est une autre histoire, on ne peut rien changer ... non notre objectif, c'est décoloniser les mémoires pour diminuer les racismes."

Grad déi jonk Belsch mat afrikanesche Wuerzelen, wéi de Noah, géife sech mam alldeegleche Rassismus a mat der Geschicht, déi domat verbonnen ass, net méi offannen.

"Parce que eux sont nés ici, ils ont grandi avec leurs amis non noirs, ils n'acceptent pas qu'on les considère inférieurs ou différents. Et donc leur réaction au racisme insidieux n'est pas la même pour les adultes, les parents qui sont venus en Belgique souvent à l'âge de 18, 20 ans, que pour les enfants qui sont nés ici. D'où le fait que cette lutte aujourd'hui est plus radicale."

De Sockel gëtt baufälleg

D'Deadline vum 30. Juni leeft of, an de Léopold wäert wuel bis op Weideres op sengem Sockel op der Place du Trône bleiwen. Trotzdeem kann de Noah op d'mannst eng Victoire feieren.

Seng Petitioun krut iwwer 80.000 Ënnerschrëften. Déi Petitioun vun deenen, déi sech fir d'Statu staark maachen, krut der just eppes iwwer 20.000. De jonken Aktivist deemno net onzefridden:

"Il y aura un débat, ils vont créer un groupe, discuter avec des historiens et voir ce qu'ils vont faire avec. Je pense que c'est une première étape et je suis déjà content avec ça."

Effektiv schéngt sech eppes ze beweegen an der Belsch. Um 60. Joresdag vun der Onofhängegkeet vun der Republik Kongo huet de belsche Kinnek Philippe ee Bréif un de President Felix Tshisekedi geschéckt, an dem hie seng "plus profonds regrets" fir "les actes de violence" an "les souffrances et les humiliations", déi d'Leit am Kongo hu mussen erdroen, ausdréckt.

Et ass eng Première an der Geschicht, datt ee belsche Kinnek sech dozou äussert. Am Hierscht soll eng parlamentaresch Kommissioun déi belsch Kolonialgeschicht ënner d'Lupp huelen.