Radioen

On air

Al Schanken  |  Russell, Calvin - All We Got Is Rock 'n' Roll

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leitlinne fir Gebuerten ausserhalb vum Spidol

Gebuertshaus

Leitlinne fir Gebuerten ausserhalb vum Spidol

Et bleift onkloer, ob a wéini Fraen an engem Gebuertshaus baussent dem Spidol dierfen accouchéieren. Déi Responsabel vum Lunata-Zenter mengen, dat kéint nach Joren daueren.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / kewiko

Lauschterenplay_arrow


An dëser Hiewannepraxis goufe bis virun e puer Wochen Accouchementer gemaach. Mee de Gesondheetsministère huet dat bis op Weideres verbueden. Gebuerten doheem sinn awer méiglech, a ginn och deelweis rembourséiert, mee et gëtt nach u Leitlinne geschafft.

Leitlinne fir Gebuertshëllef: "Eng Prioritéit"

Eng allgemeng Reegelung wier essentiel fir d'Sécherheet vu souwuel de Mammen, Bëbeeën an Hiewannen, esou d'Laure Baumann vun der ASBL Gebuertshaus. Och si war d'lescht Woch bei der Reunioun mat der Gesondheetsministesch mat dobäi. D'Leitlinne fir déi ausserklinesch Gebuertshëllef wieren eng Prioritéit, seet si:

"Et soll e gudden Austausch si mat de Klinicken. Wann eng Fra transferéiert muss ginn, aus egal wéi enger Struktur, datt se gutt empfaange gëtt an a Sécherheet ukënnt. Dat si wichteg Facteuren. An dorëms geet et an dem Grupp de travail: datt déi Krittären duerno stëmmen an datt ee kann drop zeréck gräifen."

Fraen de Choix loossen

Prioritéit ass och fir d'Nadine Barthel, Presidentin vun der Associatioun vun den Hiewannen, datt d'Fraen de Choix hunn, wou si wëllen hiert d'Kand kréien:

"Do wou si sech am sécherste fillen a wou si et erausgesicht hunn. Ob se wëllen doheem accouchéieren, an engem Gebuertshaus an enger anerer Struktur oder an der Klinik."

An engem kommerzielle Gebuertshaus geet dat bis op Weideres net. Mee déi véier Hiewannen aus dem Lunata-Zenter dierfen awer Accouchementer op anere Plazen encadréieren, erkläert d'Danielle Federspiel, Matgrënnerin vu Lunata.

Et géif een elo mat de Fraen, déi net am Spidol an aus diverse Grënn net bei sech doheem wéilten accouchéieren, no anere Léisunge sichen:

"Mir haten elo eng Fra, déi bei hirer Schwëster doheem konnt accouchéieren. AirBnB ass eng Méiglechkeet. Et muss een zesumme mat der Fra kucke fir eng Adress d'habitation ze fannen, wou se kann accouchéieren."

Den Aarbechtsgrupp schafft iwwerdeems weider un de Leitlinne fir Gebuerte baussent dem Spidol. Wéi séier mat Resultater ze rechnen ass, ass onkloer. Eng nächst Reunioun ass nach net offiziell geplangt. Aus dem Ministère heescht d'Gespréicher vu leschter Woch wiere konstruktiv gewiescht.