Radioen

On air

Notturno  |  Isaac Hayes - (They Long to Be) Close To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Leit solle vun doheem aus schaffen

Verkéier

Méi Leit solle vun doheem aus schaffen

Dem Etienne Schneider no mécht et kee Sënn méi, fir weider massiv a Stroossen an a Schinnen z'investéieren. Fir de Verkéiersproblem séier an ouni Chantieren ze reduzéieren, wier déi einfachst Léisung, datt méi Beschäftegter vun doheem aus schaffen.

auto_stories

2 min

Etienne Schneider: Beschäftegter solle méi vun doheem aus schaffen.

"Wa Jiddereen an der Moyenne een Dag an der Woch vun doheem aus géing schaffen, da géif de Verkéier op ee Coup ëm 20 Prozent reduzéiert ginn, ouni e Frang an d'Stroosse mussen z'investéieren".

Esou huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider haut am 100,7-Interview säi Virstouss erkläert, fir een neie Steiermodell fir Grenzgänger auszeschaffen, déi zum Deel Telé-Travail géinge maachen. D'Fro vun der Besteierung wéilt de Minister "offensiv" mat den dräi Nopeschstaate verhandelen.

Fro vun der Besteierung

Een Transfert vu Recetten aus der Akommessteier géif Lëtzebuerg zwar och Sue kaschten, allerdéngs misst manner an Infrastrukturen investéiert ginn, esou den Etienne Schneider. Dëst wier allerdéngs net méi an dëser Legislaturperiod ëmzesetzen. Déi nächst Regierung misst hei eng Léisung fannen.

Am Saarland hat den Etienne Schneider dës Woch säi Steiermodell lancéiert, deen d'Stroossen entlaaschte soll. D'Grenzgänger solle weiderhi komplett hei am Land besteiert ginn. D'Recettë géif Lëtzebuerg mat den Nopeschstaaten deelen.

Eng "ökologesch" Propos

Duerch dem Etienne Schneider seng Propos misst een net méi "honnerte Milliounen, fir net ze soe Milliarden" an d'ëffentlech Verkéiersmëttel an de Stroossebau investéieren. D'Propos hätt och eng ökologesch Komponent. Manner Autoe géingen och manner Ofgase bedeiten.

De Wirtschaftsminister ass sech bewosst, datt säi Modell, datt méi Grenzgänger vun doheem aus schaffen, net an all Secteur d'selwecht gutt wäert funktionéieren. Trotzdem misst d'Iddi senger Meenung no onbedéngt developpéiert ginn.


Den Interview vum Serge Kesseler mam Etienne Schneider:

Lauschterenplay_arrow