De Joe Dahm war bis leschte Méindeg nach a Griichenland. Vun do aus wollt hien d'Fär an Italien huelen, fir mam Auto dann en Donneschdeg heem ze kommen. Net sou einfach well Griichenland d'Fär scho virdru gestoppt hat. Eenzeg Méiglechkeet: iwwer de Balkan.
"Ech sinn awer do nëmmen iwwer Bulgarien a Rumänie komm, déi ungaresch Grenz war komplett zou. Do sinn nëmmen nach Camionen duerchgelooss ginn, Privatpersoune kënnen d'Grenz net méi passéieren."
De Konsul vu Rumänien hätt dem Joe Dahm gehollef an him gesot, datt déi eenzeg Méiglechkeet, fir aus dem Land ze kommen, mam Fliger wier.
"Do hunn ech mäin Auto missten a Rumänie stoe loossen an hunn nach e Fluch erwëscht en Dënschdeg vun Timisoara op München, vu wou ech mam Zuch op Lëtzebuerg komm sinn." Dat wier eng Aventure gewiescht, "et war e bësse wéi am Krich", zielt de Joe Dahm.
A Rumänie wier vill Police gewiescht an et wieren iwwerall Kontrolle gemaach ginn. "D'Land ass komplett am Ausnamezoustand, esou eppes wéi dat hei, hunn ech nach ni erlieft, ganz krass." Ouni d'Hëllef vum Konsul wier hie warscheinlech nach ëmmer a Rumänien, mengt de Joe Dahm, dee bedauert, datt de fräien Transit tëschent den EU-Länner net méi garantéiert wier.
Vu Münster op Lëtzebuerg
En anere Fall, dee mir erageschéckt kruten, ass dee vun engem Student vu Münster, dee geplangt hat mat sengem Frënd heem ze kommen.
No der Pressekonferenz leschte Sonndeg vum Horst Seehofer, op där decidéiert gouf, Grenzkontrollen ze maachen, huet de jonke Student sech Suerge gemaach. Hien hätt net genuch Informatioune gehat.
"Dat hunn ech immens ongënschteg fonnt, datt do näischt preziséiert ginn ass. Et gouf net gesond, wat ass en trëftege Grond, et konnt ee sech néierens informéieren, näischt. Et wousst een net, wéi zou d'Grenze sinn, et wousst ee wierklech guer näischt. Ech ka soen, dat war net schéin a wéi enger Drocksituatioun den Horst Seehofer eis gesat huet mat senger plëtzlecher Decisioun, och d'Grenze mat Lëtzebuerg zouzemaachen, och wann hien et just Grenzkontrollen nennt."
Schlussendlech wiere seng Eltere si op Münster siche komm.
Vun Indien aus zeréck heem
D'Joan Back ass de 7. Mäerz an Indie gereest. Schonn zwee Deeg no hirer Arrivée hätt si d'Urgence gespiert fir nees heem ze kommen an huet eng sëlleg Demarchë gemaach iwwer d'Ambassade, Frënn a Fluchgesellschaften. Si hätt bei Air France a bei KLM ugeruff a wier och permanent a Kontakt mam Jean-Claude Kugener gewiescht, dem Lëtzebuerger Ambassadeur an Indien.
Der Joan Back hire Fluch wier annuléiert ginn, mee si hätt kënne mat engem anere Fliger heemkommen. Wéi eng Fra vu KLM hir ugeruff hätt fir ze froen, ob si dee Fluch wëllt huelen, sot d'Joan Back "Natierlech, ech wëll heem". Eréischt wéi si sech agecheckt hätt, wier hir ee Steen vum Häerz gefall, erzielt d'Joan Back.
Allen dräi si mëttlerweil nees gutt zu Lëtzebuerg ukomm.
"Do uewen ass et fuerchtbar"
D'Lëtzebuerger Studentin Sophie ass nach zu Perugia am italieneschen Umbrien. Si huet sech eegenen Aussoen no den 10. Mäerz bei de Lëtzebuerger Autoritéite gemellt fir sech z'informéieren, ob a wéini e Rapatriement méiglech wier. De Kontakt wier onkomplizéiert gewiescht, seet si. Mä si krut eegenen Aussoen no gesot, et wier kee Rapatriement virgesinn. Wa si géif d'Covid19-Krankheet kréien, misst si sech lokal behandele loossen. Si hätt Chance, well d'Situatioun an Umbrien net esou schlëmm wier a well si sech decidéiert hätt op der Plaz ze bleiwen: "Ech géif mer perséinlech awer wënschen, datt Lëtzebuerger an Norditalie rapatriéiert gi well d'Situatioun do uewe fuerchtbar ass", esou d'Sophie.
"Géif gär meng Famill erëmgesinn"
D'Sasha, 23 Joer al Studentin zu München, war op enger laanger Rees a Südamerika, wéi d'Beweegungsfräiheet wéinst dem Coronavirus staark ageschränkt gouf. Hire geplangte Vol zréck op München ass geplatzt. Um Enn huet et iwwer fënnef Flughäfe n awer zréck op München geklappt:
"Wat eis immens erféiert huet, ass datt mer iwwerhaapt net op de Virus kontrolléiert goufen op de Grenzen an net net gefrot goufen, vu wou mer géife kommen"
Um Enn wier et zu München d'Recommandatioun gewiescht, sech selwer a Quarantän ze setzen. No enger laanger Rees duerch Südamerika hätt si gär elo hir Famill zu Lëtzebuerg erëmgesinn: "Dat ass mir momentan net méiglech well ech hei a Quarantän sëtzen". Wéinstens géif si elo awer net riskéiere Leit unzestieche wa si de Virus hätt.