Radioen

On air

Notturno  |  Why Bonnie - Healthy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leideleng: Buergermeeschtesch a Schäffe kandidéieren net méi

Gemengewalen

Leideleng: Buergermeeschtesch a Schäffe kandidéieren net méi

Zu Leideleng gëtt et den 11. Juni manner Konkurrenz wéi erwaart: D'Buergermeeschtesch Diane Bisenius-Feipel a véier aner Membere vun hirer Lëscht vun 2017 hunn annoncéiert, net méi mat an d'Gemengewalen ze goen.

auto_stories

1 min

Foto: Site vun der Gemeng Leideleng

D'Buergermeeschtesch vu Leideleng kandidéiert net méi bei de Gemengewalen am Juni. D'Diane Bisenius-Feipel huet zesumme mat hirer Lëscht vun 2017 an engem Flyer annoncéiert, hirem politeschen Engagement en Enn ze setzen. Och d'Schäffe Jean-Paul Sunnen a Raphael Gindt si concernéiert, d'selwecht wéi d'Gemengerotsmemberen Tom Berend a Christiane Schmit-Hamen.

D'Diane Bisenius-Feipel ass zënter 10 Joer Buergermeeschtesch vun der Majorzgemeng aus dem Walbezierk Süden. Si war am Januar 2013 d'Nofollgerin gi vum verstuerwene Rob Roemen.

Op eis Nofro hi wollt d'Diane Bisenius-Feipel kee Statement dozou ginn. Si hätt dës Decisioun aus perséinleche Grënn geholl. Et wier elo un der Zäit, nei Erausfuerderungen unzegoen, esou d'Diane Bisenius-Feipel.

Equipe 'Zesumme fir Leideleng' trëtt un

D'Equipe 'Zesumme fir Leideleng' ronderëm de Spëtzekandidat Lou Linster hat schonn am Dezember annoncéiert, mat enger kompletter Lëscht bei de Gemengewalen unzetrieden. Ob nach weider Lëschten oder Kandidat:innen untrieden, ass net gewosst. Den Delai fir d'Kandidaturen anzereechen ass Mëtt Abrëll.

Leideleng huet ronn 2800 Awunner. Den 11. Juni ginn néng Membere fir an de Gemengerot gewielt.