Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Legaliséierung vum Cannabis: Regierung mécht de Point am Juni

Gesellschaft

Legaliséierung vum Cannabis: Regierung mécht de Point am Juni

D'Zil vun der Regierung ass et duerch d'Legaliséierung den Drogemaart an de Grëff ze kréien, grad ewéi d'Qualitéit vum Cannabis ze kontrolléieren an e verstännegen Ëmgang mat Genossmëttel ze erreechen, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert den Donneschdeg an der Chamber. Virop d'CSV ass skeptesch, ob sech de Schwaarzmaart mat enger Legaliséierung an de Grëff kréie léisst.

auto_stories

2 min

De Schwaarzmaart an de Grëff ze kréie wier kaum ze erreechen, mee Substanzen unzebidden déi qualitativ gutt wieren, dat wier onëmgänglech, sou eng Rei Intervenante wärend der Chamberdebatt. Dem CSV-Deputéierte Claude Wiseler no, misst ee virun allem déi Jonk viru schlechte Cannabis-Produite schützen, déi se um Schwaarzmaart ze kafe kréien. Generell wier et fir Jonker och méi geféierlech fir iwwerhaapt Cannabis ze konsuméieren, well hiert Gehier sech nach an der Entwécklung géif befannen. Den CSV-Deputéierten nennt méiglech Problemer, wéi Konzentratiounsproblemer, Antriebslosegkeet, Gläichgültegkeet, Psychosen an Dependancen.

Gesondheetsministerin: E verstännegen Ëmgang mat Genossmëttel erreechen

Eens ware sech all d'Parteie wärend der Debatt, datt ee virun Allem déi Jonk misst preventiv schützen. An enger Motioun, déi vun LSAP, der DP, déi Gréng an der Piratepartei ënnerschriwwe gouf, gëtt d'Regierung opgefuerdert um Dossier weider ze schaffen. D'Preventioun steet an där Motioun am Mëttelpunkt, betount d'Josée Lorsché Fraktiounspresidentin vun déi Gréng. D'Drogepolitik misst sech och net op d'Depenaliséierung an d'Reglementéiere vum Cannabis limitéieren. Weider wichteg Elementer wieren d'Preventioun, de Jugendschutz, adequat Therapien an dezentral Opfangstrukture fir süchteg Mënschen.

Preventioun heescht och de Konsumenten ze weisen datt d'Qualitéit vun de Substanzen um Schwaarzmaart dacks net stëmmt, sou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Een Zil vun der Preventioun wier et och, fir e verstännegen Ëmgang mat Genossmëttel ze erreechen. Parallel misst een dofir suergen, datt de Schwaarzmaart réckleefeg ass.

Eng Rei Froe bleiwen op

Eng aner Problematik déi wärend der Debatt opkoum war déi vum Drogekonsumtourismus, dee riskéiert ze entstoen, sou de Claude Wiseler. Den CSV-Deputéierte stellt d'Fro, wéi een de Fonctionnement vu Cannabis-Geschäfter mam EU-Recht an Aklang brénge kéint.

"Dat bréngt och direkt mat sech datt, wa Leit an esou Geschäfter erakommen, (datt) een dem Commerçant misst autoriséieren an dozou zwéngen d'Identitéit vun deem Client ze kontrolléieren."

De Sven Clement vun der Piratepartei warnt do virdrun. Et kéint een de Frontalieren net verbidde Cannabis ze kafen, well een domat d'Gesellschaft géif splécken: Engersäits déi di hei wunnen an anerersäits déi di zwar hei schaffen an iessen, mee Owes iwwert d'Grenz fueren.

Den Deputéierte vun der Piratepartei erënnert drun, datt et bei der Legaliséierung vum Cannabis net géif drëms goen, eng nei Fräizäitbeschäftegung ze schafen, mee de Schwaarzmaart ze zerstéieren an den Tabu, deen ëmmer nach mam Thema verbonne bleift, ze briechen.