D'Gewerkschaften LCGB an OGBL wëllen alles ënnerhuele fir d'Entloossung vun 160 Mataarbechter ze verhënneren. Ee Plan de Maintien dans l'emploi géif eng Rei Léisungen ubidden, bis hin zu engem externe Prêt de Main d'Oeuvre, betount de Marc Kirchen vum LCGB. En Donneschden huet d'Direktioun vun der Firma Dupont Tejin Films awer annoncéiert, bei hirer Positioun ze bleiwe fir ee Sozialplang ze verhandelen.
Fir géint d'Haltung vun der Firma a punkto Entloossungen ze protestéiere plangt de LCGB nächsten Donneschdeg eng Protestaktioun. Et wéilt ee weisen, datt een och an der Vergangenheet scho vill Problemer mat engem Plan de Maintien dans l'emploi iwwerwonne konnt ginn, seet de Marc Kirchen vum LCGB.
An enger Entrevue mam Aarbechtsminister kruten d'Gewerkschafte vum Georges Engel all Ënnerstëtzung versprach, fir am Kader vun engem Plan de maintien dans l'emploi Moossname kënnen ze ergräifen.
Nächst Woch ass eng Reunioun tëscht den Aarbechts- a Wirtschaftsminister, de Gewerkschafte LCGB OGBL an de Responsabele vun der Firma Dupont Teijin Films virgesinn, fir iwwer d'Situatioun an iwwer Léisungen ze diskutéieren.
Direktioun vun #DupontTeijinFilms hält un engem Sozialplang fest. Den #LCGB an den @OGBL_Luxembourg ruffen zur #Mobilisatioun op. #Protestpiquet den 16. Mäerz virun DTF!#Lëtzebuerg #Gewerkschaft #MuereSchrëttviraus #INDUSIDhttps://t.co/TjK6LtWjm2
- LCGB (@LCGB_Luxembourg) March 10, 2023