Eng direkt Interventioun vun der Politik wier net méiglech, well hei de fräie Marché géif spillen, erkläert de Felix Wildschutz, Direkter vun der Vétérinaire- a Liewensmëttel-Verwaltung, déi dem Landwirtschaftsministère ënnersteet. A verschidde Fäll kéint e Schluechthaus awer eng finanziell Ënnerstëtzung vum Landwirtschaftsministère kréien, wann et zum Beispill Moderniséierungs- oder Vergréisserungsaarbechte mécht oder Verbesserungen am Sënn vum Déiereschutz, seet de Felix Wildschutz.
Zu Ettelbréck wieren där Aarbechte souwisou virgesi gewiescht, dës wäerten elo viru gedriwwe ginn, eventuell och fir d'Kapazitéiten eropzesetzen.
Streng hygienesch Krittären
E Risiko datt d'Ettelbrécker Schluechthaus deemnächst och kéint aus Rentabilitéitsgrënn zoumaachen, gesäit de Felix Wildschutz vum Landwirtschaftsministère net. Aktuell géifen zu Ettelbréck gutt dräi Véierel vun de Schluecht-Aktivitéiten hei am Land assuréiert ginn. Eng Partie Lëtzebuerger Bauere géifen hiert Véi awer och elo schonn an der Belsch oder an Däitschland schluechte loossen.
Dee Moment géif net méi "Abattage Luxembourg" op de Produiten drop stoen, déi hygienesch Krittäre fir d'Schluechte wieren an der ganzer EU déi selwecht.
Um Enn wier et also de Konsument, deen entscheet wéi wichteg him eng reng lokal Fleeschproduktioun ass, esou den Direkter vun der Veterinaires- a Liewensmëttel-Verwaltung. Zanter dem leschte Joer gëllt iwwerdeems ee Schluechtverbuet vu Lëtzebuerger Notzdéieren an net-EU-zertifiéierte Schluechthaiser.