Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Landwirtschaftsministère kann net agräife fir lokal Schluechthaiser ze erhalen

Wirtschaft

Landwirtschaftsministère kann net agräife fir lokal Schluechthaiser ze erhalen

D'Politik kéint net agräife fir den Erhalt vu lokale Schluechthaiser ze garantéieren. Dat äntwert de Felix Wildschutz vum Landwirtschaftsministère op eis Nofro hin. D'Cobolux huet jo rezent annoncéiert hir Schluecht-Aktivitéiten um Enn vum Joer anzestellen, well dës net méi rentabel wieren. Domat gëtt et elo just nach ee Schluechthaus zu Lëtzebuerg, nämlech zu Ettelbréck. Doropshin hate Vertrieder vun de Metzler- a Bauerebetriber gefuerdert d'Politik misst elo reagéieren.

auto_stories

2 min

Foto: Adobe Stock

Lauschterenplay_arrow


Eng direkt Interventioun vun der Politik wier net méiglech, well hei de fräie Marché géif spillen, erkläert de Felix Wildschutz, Direkter vun der Vétérinaire- a Liewensmëttel-Verwaltung, déi dem Landwirtschaftsministère ënnersteet. A verschidde Fäll kéint e Schluechthaus awer eng finanziell Ënnerstëtzung vum Landwirtschaftsministère kréien, wann et zum Beispill Moderniséierungs- oder Vergréisserungsaarbechte mécht oder Verbesserungen am Sënn vum Déiereschutz, seet de Felix Wildschutz.

Zu Ettelbréck wieren där Aarbechte souwisou virgesi gewiescht, dës wäerten elo viru gedriwwe ginn, eventuell och fir d'Kapazitéiten eropzesetzen.

Streng hygienesch Krittären

E Risiko datt d'Ettelbrécker Schluechthaus deemnächst och kéint aus Rentabilitéitsgrënn zoumaachen, gesäit de Felix Wildschutz vum Landwirtschaftsministère net. Aktuell géifen zu Ettelbréck gutt dräi Véierel vun de Schluecht-Aktivitéiten hei am Land assuréiert ginn. Eng Partie Lëtzebuerger Bauere géifen hiert Véi awer och elo schonn an der Belsch oder an Däitschland schluechte loossen.

Dee Moment géif net méi "Abattage Luxembourg" op de Produiten drop stoen, déi hygienesch Krittäre fir d'Schluechte wieren an der ganzer EU déi selwecht.

Um Enn wier et also de Konsument, deen entscheet wéi wichteg him eng reng lokal Fleeschproduktioun ass, esou den Direkter vun der Veterinaires- a Liewensmëttel-Verwaltung. Zanter dem leschte Joer gëllt iwwerdeems ee Schluechtverbuet vu Lëtzebuerger Notzdéieren an net-EU-zertifiéierte Schluechthaiser.