Neien Ulaf fir d'Plans sectoriels Landesplanung: Manner Chaos, méi Uerdnung

An dësem Ulaf soll et klappen. Déi sektoriell Pläng fir eng méi kohärent Landesplanung kéinte geschwënn a Kraaft trieden. Endlech, seet de Landesplanungsminister Claude Turmes (déi gréng). No iwwer zéng Joer Planung wier d'Regierung elo optimistesch. Et wier vill mat de Juriste geschafft gi fir alles aus de Pläng erauszehuele wat vum Verwaltungsgeriicht kéint a Fro gestallt ginn.

Carole Schimmer / Jean-Claude Franck / cz

Claude Turmes
D'Aféierung vun de sektorielle Pläng wier e Schratt no vir, seet de Claude Turmes

456 Hektar fir nei Aktivitéitszonen, 481 Hektar fir grouss Wunnengsbauprojeten, reservéiert Fläche fir d'Zone Verte a fir Mobilitéitsprojeten. Dat sinn déi véier sektoriell Pläng, déi d'Regierung kierzlech un de Staatsrot geschéckt huet. Gëtt et do gréng Luucht fir d'Reglementer, da kënnen d'Pläng a Kraaft trieden.

Déi Pläng sinn eng Schwéiergebuert. Si sinn zënter iwwer 15 Joer an der Diskussioun, an no ëmmer neie juristesche Problemer a ville Kontestatioune vu Bierger a Betriber hu se missen e puer mol zeréckgezunn oder iwwerschafft ginn.

Vill verschidden Interessien

Mee zënter 2018 gëtt et en neit Landesplanungsgesetz, an d'Regierung huet d'Pläng duerch eng Consultatiounsphas lafe gelooss. Bal all d'Gemengen a bis zu 600 Bierger hätte sech zu Wuert gemellt, sou de Claude Turmes. "Mir erwaarden eis datt eng Rei Leit, och mat wirtschaftlechem Interessi, géint d'Pläng kloen, dat ass de bonne guerre", seet de Landesplanungsminister. D'Regierung géif fir den allgemengen Interêt astoen. Verschidde Remarquen, déi e privaten a keen allgemengen Interêt haten, wieren dofir net iwwerholl ginn.

Am Plang fir de Wunnengsbau sinn an der neier Versioun 30 Hektar manner fir grouss Projete reservéiert, mä ëmmerhi sollen déi 481 Hektar duergoe fir 20.000 Wunnengen. Haaptsächlech um Kierchbierg, zu Zéisseng an der Porte de Hollerich, sou wéi op de fréiere Frichen zu Wolz, Diddeleng an Esch-Schëffleng.

Bezuelbare Wunnraum

30 Prozent vun de Flächen an de grousse Wunnprojete sollen ënner de Critèrë vum "bezuelbaren" Wunnraum falen. "Vill Leit aus der Immobiliewirtschaft hätte léiwer manner däers erschwéngleche Wunnraum gehat, mä fir eis ass dat wichteg well d'Präisser eis sou séier fortlafen", erkläert de Claude Turmes. De sektorielle Plang fir de Logement wier e "grousse Schrëtt no vir".

Och fir d'Aktivitéitszonë sinn no der Consultatiounsphase eng 20 Hektar fale gelooss ginn. Déi nei Zonë solle ganz anescht geplangt ginn, esou de Claude Turmes. Hien hätt en Accord mam Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) fonnt fir déi nei Zonë besser an d'Natur z'integréieren, esou datt net méi all Hal hiren eegene Parking hätt, mä datt et gemeinsam Parkhaiser géife ginn, Kantinnen, a soss Installatioune fir d'Personal wéi zum Beispill de Camionschaufferen. Déi nei Aktivitéitszonë solle besser vun de Leit ronderëm akzeptéiert ginn an déi, déi do schaffen, sollen e bessert Ëmfeld kréien.

Keen Accord fir méi staatlech Interventioun

Op verschiddenen Terraine soll d'ëffentlech Hand e Virkafsrecht kréien. De Claude Turmes hätt eegenen Aussoen no léiwer gehat, de Staat hätt nach méi Moyene fir ze intervenéieren. "Mir hu manner Méiglechkeete wéi zum Beispill a Frankräich. Perséinlech fannen ech dat Schued", seet de Minister. Mee dofir bräicht een eng politesch Majoritéit an déi néideg Viraussetzungen an der Verfassung.

Eppes ass kloer. D'sektoriell Pläng si wéinst dem villen Hin an Hir an de leschte Joren ofgespeckt ginn. Mee de Claude Turmes annoncéiert fir d'nächst Joer weider Léisungen. D'Regierung wéilt dann de Programme directeur virleeën, deen d'Planung vum Land bis 2035 detailléiere soll. Dat wier d'Geleeënheet fir ze kucken, wéi d'Liewensqualitéit kann erhale ginn. Bis dohi géifen och véier verschidde Comitéen de Suivi maachen. Landesplanung ass eng Erausfuerderung, sou de Minister.

Méi zum Thema

Francis Schartz a Frank Vansteenkiste
Landesplanung

100.000 Awunner méi bannent siwe Joer, nei Aarbechtsplazen, d'Wunnengsnout, Stauen an den Drock op d'Natur sinn d'Konsequenze vum Wuesstem. Kann een esou eng rasant Entwécklung iwwerhaapt steieren?

Jughurt Fabrick
Wirtschaft

Enn 2018 soll d'Jughurtsfabrik Fage op Lëtzebuerg kommen. En Deel vun der Regierung an d'Gemenge si skeptesch. Passt d'Firma an déi effizient Strategie, déi d'Regierung sech selwer wëllt ginn?

Camille Gira
Naturschutz

De Camille Gira ass zouversiichtlech, datt dat geplangt neit Naturschutzgesetz nach dës Legislatur duerch d'Chamber geet. Trotz 27 formellen Oppositiounen am Avis vum Staatsrot.

François Bausch
Wuesstem

Lëtzebuerg geet am Verkéierschaos ënner. Fir d'Period 2023-2033 annoncéiert de François Bausch eng nei Mobilitéitsstrategie: De MODU 2.0. D'Land bräicht en anere Wuesstemsmodell.

François Bausch Riicht Eraus
Riicht eraus

De François Bausch fuerdert d'Bierger op, fir sech un den Diskussiounen iwwert d'Landesplanung ze bedeelegen. Een neie Landesentwécklungsprogramm soll an den nächsten zwee Joer ausgeschafft ginn.

François Bausch.JPG
Programme directeur a sektoriell Pläng

Wéi soll Lëtzebuerg sech mëttel- a laangfristeg entwéckelen? Déi blo-rout-gréng Regierung hëlt en neien Ulaf fir de Logement, d'Gréngzonen, den Transport an d'ekonomesch Aktivitéitszonen méi kohärent ze plangen.

Markus Hesse
Landesplanung

Wirtschaftlech an demografesch Entwécklung dierften net vermëscht ginn, seet de Markus Hesse vun der Uni Lëtzebuerg. Lëtzebuerg kéint d'Capacitéite fir 1,1 Milliounen Awunner net bereet stellen.

Wuesstëm
Entwécklung vu Lëtzebuerg

Wéi soll Lëtzebuerg sech entwéckelen? Doriwwer hu sechs Regierungsmemberen an dräi Oppositiounsvertrieder dës Woch diskutéiert. Sujete ware Mobilitéit, nei Betriber an d'Ofhängegkeet vum Wuesstem.

Loske - Weber - Welzer
Wuesstem

Wat fir eng Alternative ginn et zum Wuesstem? Doriwwer hunn de Soziolog Harald Welzer an den Ekonomist Reinhard Loske op Invitatioun vum Mouvement écologique diskutéiert.

Serge Allegrezza
Wuesstem

Den Direkter vum Statec fënnt et "formidabel", datt elo endlech iwwer d'Zukunft vum Land diskutéiert gëtt. Et wier wichteg iwwer Zuelen - och 1,1 Milliounen Awunner - ze raisonnéieren, seet de Serge Allegrezza.

D'Majoritéit an d'Oppositioun hu sech an den zoustännege Chamberkommissioune fir eng Annulatioun vun der Prozedur vun de sektorielle Pläng ausgeschwat

"Wat Lëtzebuerg domat brauch, ass net just eng kohärent Landesplanung, mä och eng kohärent Politik an eng kohärent Gestioun vun de Ministèren" : e Kommentar vum Jean-Claude Franck iwwer d'Problemer mat de sektorielle Pläng

D’Propose vum grénge Minister François Bausch fir deen ëmstriddenen Artikel 19 aus dem Landesplanungsgesetz ze sträichen, kritt indirekt d’Ënnerstëtzung vum Staatsrot

Wéinst de juristesche Schwieregkeete mat de sektorielle Pläng, huet d’Regierung den Affekotecabinet Arendt & Medernach ëm Hëllef gefrot. Den Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister schléisst net aus, datt d’Regierung weider Punkten amendéiere muss, oder wann néideg, esou guer zréck zéie wäert.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen