Radioen

On air

De Weekend  |  Otis Redding - Shake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lockerung vum Confinement: Wat sinn d'Enjeuen?

Coronavirus

Lockerung vum Confinement: Wat sinn d'Enjeuen?

De Regierungsrot zitt haut Conclusiounen doriwwer, a wéi engen Etappen d'Restriktiounsmesurë géint d'Ausbreedung vum Coronavirus kënne gelockert ginn. Dat hu gutt informéiert Sourcen dem radio 100,7 gëschter confirméiert. Et ass bal ee Mount hier, datt den Noutstand ausgeruff gouf. An datt d'Schoulen, de Bau an d'Handwierk, esou wéi de Commerce, mat Ausnam vum Liewensmëttelhandel zougemaach goufe fir d'Infektiounen ze limitéieren. D'Infektiounszuelen niddreg ze hale wäert och weider Zil bleiwen.

auto_stories

3 min

An dësen Deeg soll de Pic vun der Kris, dat heescht déi héchste Belaaschtung an de Spideeler hei zu Lëtzebuerg erreecht ginn. Bis elo hunn d'Restriktiounsmesuren, déi d'Regierung viru bal engem Mount beschloss hat, awer gewierkt. D'Klinicken waren bis elo net mat Covid-19-Patienten iwwerlaascht, wéi dat an anere Länner de Fall war. D'Zuel vun de confirméierten Neiinfektioune war an deene leschten Deeg méi niddreg. Mee do läit ee vun de Problemer. Dat si just déi confirméiert Infektioune bei Leit, déi Symptomer gewisen hunn. Wéi vill der nach infizéiert sinn ouni Symptomer, wéi a wou sech Leit nach ustiechen, wéi vill der scho vläicht eng Immunitéit opgebaut hunn, alles dat ass de Moment net gewosst. Fir dat erauszefannen, ass déi lescht Woch d'Etüd Con-Vince ugelaf, fir e representative Echantillon vu Leit iwwer Méint ëmmer nees ze testen.

Den Zäitplang vun där Etüd verréit, datt de Virus sech weider wäert ausbreede soulaang e Leit fënnt, fir unzestiechen. An dat wäert esou laang de Fall sinn, bis et entweder en Impfstoff gëtt oder 70 Prozent vun der Bevëlkerung Antikierper hunn, et also déi sougenannten Herdenimmunitéit gëtt. Dovun ass ee warscheinlech wäit ewech, a wann ee bedenkt, wéi vill Leit bei den aktuellen Infektiounszuelen op den Intensivstatioune sinn, dauert et ganz laang, esou eng Herdenimmunitéit hierzestellen. Mat engem Impfstoff ass och eréischt d'nächst Joer ze rechnen.

Just schrëttweis Lockerung vu Restriktiounsmesuren

Wann also d'Restrictiounsmesurë gelockert ginn, kann dat just schrëttweis goen, fir ze kucken, wéi de Virus dann an der Bevëlkerung evoluéiert an dobäi ëmmer mam Delai vun der Inkubatiounszäit dobäi. Dat, fir weiderhin d'Kurb flaach ze halen, fir datt de Gesondheetssystem d'Belaaschtung iwwer Distanz packt.

Dat ass deen een Enjeu. Op där aner Säit stinn d'Kanner, déi net kënnen an d'Schoul goen, d'Leit, déi mam sozialen Isolement a Lounausfäll kämpfen, respektiv, d'Betriber domat, datt se net kënne schaffen. Dausenden Entreprisë sinn am Chômage partiel. Den Internationale Wärungsfong rechent domat, datt de Lëtzebuerger PIB dëst Joer ëm 4,9 Prozent zeréckgeet, der Chambre de Commerce hire Think-Tank Idea mat engem Recul vun 4,2 Prozent - wann de Confinement nächste Mount opgehuewe gëtt. De Chômage-Taux kéint dem IWF no op 7,7 Prozent klammen. Dat wier méi eng schro Rezessioun, wéi no der Finanzkris vun 2008.

Méiglecherweis Lockerung am Bausecteur

Eng éischt méiglech Lockerung vun de Restriktioune kéint eisen Informatiounen no de Bausecteur betreffen, deen hei am Land zougemaach gouf, an den Nopeschlänner awer net. RTL hat gëschter gemellt, vun nächster Woch u kéinten éischt Handwierker nees zeréck op hir Chantieren. D'Schoule sinn zwar op d'mannst nach bis de 4. Mee zou. Mee de Bildungsminister Claude Meisch hat schonn ufanks des Mounts gesot, an Ausnamefäll, wou d'Léieren op Distanz net géing fonctionéieren, kéinte Kanner Unterrecht an der Schoul kréien. Mat Rücksiicht op déi sanitär Virsiichtsmoossnamen. Fir datt déi an der Schoul an op der Aarbecht kéinte méi einfach agehale ginn, bräicht ee Masken. Mee där richteg gudder, FFP2-Masken, gëtt et nach ëmmer net genuch fir jiddwereen. Dobäi hunn international Experte rezent gesot, all Exit-Strategie misst mat enger Maskeflicht am ëffentleche Raum zesummegoen.

Dës international Experten an aner europäesch Regierunge plädéieren och fir e fräiwëllegen Zougrëff op GPS- an aner Handy-Donneeën, fir d'Verbreedung vum Virus ze retracéieren. De Premier Xavier Bettel hat awer schonn déi viregt Woch erkläert, hie wier dofir net waarm.