arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krut d'Impflicht gréng Luut vum europäeschen Gerichtshaff fir Mënscherechter ?

Fräie Mikro

|
reading time

5 min

Krut d'Impflicht gréng Luut vum europäeschen Gerichtshaff fir Mënscherechter ?

Den 8. Abrëll huet den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg e Gesetz aus Tschechien, wat Impfunge vu verschiddene Krankheete fir Kanner obligatoresch mécht, als konform mat de Grondrechter erkläert. Dat kann een awer net eent zu eent ob déi aktuell Covid-Pandemie uwende fir eng Impfflicht ze begrënnen, mengt den Affekot Frank Wies a sengem fräie Mikro.

reading time

5 min

An Europa ginn et wéineg Länner, déi hier Bierger verflichte sech oder hier Kanner géint verschidde Krankheeten impfen ze loossen. Déi meescht setzen op Informatioun iwwert d'Effikassitéit vun der Vaccinatioun an d'Verantwortungsbewosstsinn vun de Bierger fir hir eege Gesondheet an déi vun hire Matmënschen.

Eent vun de Länner wat eng Impfflicht gewielt huet ass Tschechien. Do schreift e Gesetz vir, datt Kanner bis zu sechs Joer musse géint bekannt Kannerkrankheete wéi Dyphterie, Tetanos, Hépatite B oder och nach de Mumps geimpft ginn. Elteren déi dat refuséiere riskéierten eng Geldstrof vu bis zu 400 Euro an hier Kanner kënne bis zum Alter vu sechs Joer keng Crèche a Spillschoul besichen, wa se net geimpft oder soss immuniséiert sinn.

Dëst war fënnef Kanner geschitt, déi d'Inscriptioun an d'Spillschoul refuséiert kruten, well hier Eltere keen Impfzertifikat virweise konnten. Bei engem sechste Fall war e Papp zu enger Geldstrof verurteelt ginn, well hie refuséiert hat seng zwee Kanner impfen ze loossen. Et gouf also kee Vaccin zwangsweis administréiert, mee de Refus d'Kanner impfen ze loossen hat Konsequenze fir d'Elteren an déi betraffe Kanner. Et gëtt an dem tschecheschen Text iwwregens och eng Méiglechkeet sech vun der Impfflicht entbannen ze loossen an zwar wann d'Kand zu enger Risikogrupp gehéiert déi rar mee schiedlech Niewewierkungen ob de Vaccin kann hunn.

Eng falsch Verallgemengerung

Well si der Meenung waren, hiert d'Recht ob e Privat- a Familljeliewe géif duerch des Texter onverhältnesméisseg ageschränkt, hunn déi sechs betraffe Famillen zu Stroossbuerg geklot, nodeems all hier national Recoursen an Tschechien ofgewise goufen.

Wéi de Geriichtshaff dunn den 8. Abrëll decidéiert huet, hei léich keng Verletzung vun de Grondrechter vir, dunn hu vill Publikatiounen direkt de Lien mat der Impfung géint de Covid-Virus gemaacht a gemengt, domadder hätt Stroossbuerg de Wee fräi gemaach fir eng verflichtend Impfung géint dëse Virus, deen eis zënter annerhallwem Joer an Otem hält.

Wann ee sech beschränkt just de Pressecommuniqué iwwert dat Urteel ze liesen, da kann een effektiv zu der Konklusioun kommen, datt eng Impfflicht allgemeng kee Verstouss géint Grondrechter wier.

Et ass méi differenzéiert

Eng Analys vun der Begrënnung vun der Decisioun léisst dës Verallgemengerung awer net zou.

Et gëtt nämlech e groussen Ënnerscheed tëschent deene Krankheete fir déi een an Tschechië seng Kanner muss impfe loossen an dem Coronavirus. Et handelt sech laut dem Stroossbuerger Geriicht nämlech ëm Krankheeten déi gutt erfuerscht sinn a fir déi d'Effikassitéit an d'Sécherheet vun de Vaccinen duerch d'Wëssenschaft scho laang bestätegt gouf. Dat selwecht kann ee bis ob Weideres net vum Covid soen, dee bal all Dag Iwwerraschunge bréngt a fir deen den Notzen an d'Gefore vun deene verschiddenen Impfstoffer nach bäi wäitem net bis an all Detail erfuerscht sinn.

An dësem Fall hunn d'Riichter also festgehalen, datt eng verflichtend Impfung zwar en Agrëff an d'Recht ob Privatliewen ass, mee trotzdeem legitim wier, well si en Ziel verfollegt wat och un en anert Grondrechter gebonnen ass. An zwar dat vun der ëffentlecher Gesondheet, woumat d'Recht ob Onversehrtheet vum Kierper beréiert gëtt an d'Pflicht vum Staat déi schwächste Membere vun der Gesellschaft géint Gefore fir hier Gesondheet ze schützen.

Ech géif awer keng Wetten dorop ofschléissen, datt eng Affär vun enger Impfflicht géint eng Coviderkrankung zum selwechte Resultat geféiert hätt.

Well ausser dem Ënnerscheed vun de Krankheeten - déi eng nei an voller Ongewëssheeten an déi aner wuel bekannt an erfuerscht - mussen och aner Elementer a Betruecht geholl ginn. Zum Beispill d'Konsequenze fir eng Verletzung vun der Impfflicht. Eng geréng Geldstrof oder eng méi spéit Aschoulung wéi an Tschechië gouf als verhältnisméisseg ugesinn. Ob dat och de Fall wär bei méi schwéiere Strofen, wéi zum Beispill dem Verloscht vun der Aarbechtsplaz, ass net gesot.

Wann een dat rezent Urteel als Glaskugel fir eng méiglech Impfflicht géint de Covid wëll huelen, da virun allem wéinst zwee Prinzippien déi déi Stroossbuerger Riichter festgehalen hunn.

Esou eng Moossnam kann éischtens net duerch d'Hannerdier agefouert ginn, mee muss demokratesch legitiméiert sinn, also duerch e Gesetz. Am beschte Fall no engem gesellschaftlechen Debat deen all Aspekter a Betruecht hëlt an no Ofschätzung vun allen aneren Alternativen.

Well déi ëffentlech Gesondheet bleift eng Prerogative vum Staat. Dat huet dat rezent Urteel och kloer gestallt. Et bleift also eng politesch Decisioun déi sech net kann hannert engem Urteel verstoppen, wann se der Meenung ass, eng verflichtend Impfung wier déi beschte Léisung fir d'Gesellschaft géint de Covid ze beschützen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.