Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E22 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Kohn a Patrick Galbats

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Krunnewaasser zu Lëtzebuerg kann ouni Bedenke gedronk ginn

Pestizid Chlorothalonil

Krunnewaasser zu Lëtzebuerg kann ouni Bedenke gedronk ginn

D'Krunnewaasser zu Lëtzebuerg kann ouni Bedenke gedronk ginn, verséchert d'Waasserverwaltung. Dat nodeems och zu Lëtzebuerg Réckstänn vum schiedleche Pestizid Chlorothalonil an Drénkwaasserquelle gemooss goufen.

auto_stories

2 min

Lauschteren play_arrow


D'Drénkwaasser wier nämlech dat Liewensmëttel dat am beschten an am strengste géif kontrolléiert ginn, ënnersträicht den Tom Schaul vum Ëmweltministère. D'Drénkwaassergesetz gesäit vir, datt eng 50 Parametere kontrolléiert ginn. Ee Parameter géif schonn duergoen, datt d'Normen iwwerschratt géife ginn an d'Drénkwaasser deemno net méi konform wier.

D'Konzentratioun déi een um Helperknapp kéint fannen, géif deem haitege Kenntnisstand vun der Wëssenschaft engem Prozent vun deene kritesche Konzentratioune bei deenen et eng Gesondheetsgefährdung kéint sinn entspriechen.

Fir an de gesondheetsschiedleche Beräich ze kommen, misst eng Persoun 11.000 Liter den Dag vun deem Krunnewaasser drénken. Trotzdeem gëllt de Principe de Précaution. Fir d'Konzentratioun vum schiedlechen Ofbau-Produit am Drénkwaasser erofzesetzen, muss den Drénkwaasserversuerger kucken.

D'Gemeng kéint eng Aussnamereeglung wärend enger gewësser Zäit ufroen, wa si eng Quell ausser Betrib géifen huelen, wann d'Waasser mat enger anerer Quell gemëscht géif ginn oder wann duerch eng technesch oder bestëmmte geographesch Situatioun keng Behandlung vum Waasser kéint statt fannen.

Strategie fir den Drénkwaasser-Reseau ze verbesseren

Fir d'Gemeng Helperknapp gëllt déi Derogatioun nach bis Hierscht 2024 a kann duerno eng Kéier verlängert ginn. Et hätt een awer net Wëlles déi ze verlängeren, seet hire Chef vum Service technique, Joël Meyers. D'Gemeng hätt sech iwwer déi lescht véier Joer eng Strategie gi fir den Drénkwaasser-Reseau ze verbesseren.

16 Projete géifen dorop of zilen. Finanziell gesi wieren dat sechs an eng hallef Millioun. De Joël Meyers erkläert, datt vun deene Projete schonn e ganze Koup ëmgesat gouf, datt een eng Verbesserung vum Drénkwaasser wäert erreeche kënnen. Hie behaapt, datt et an dësem Parameter och ouni Weideres méiglech wier ze mëschen, fir deen erëm ënnert de Grenzwäert ze kréien.

Moossname missten awer net nëmme beim Drénkwaasserversuerger geholl ginn, mee och beim Verursaacher, ënnersträicht den Tom Schaul vum Ëmweltministère. Am beschte wier et wa guer keng Pestizide méi géifen agesat ginn, souwuel an der Landwirtschaft, ewéi am Privatgebrauch.