Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Hannah Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik un der Auslagerung vum Tanklager

Hafen zu Mäertert

Kritik un der Auslagerung vum Tanklager

Bei den Diskussiounen iwwert deen ëmstriddenen Ausbau vum Tanklager zu Mäertert un der Musel géif d'Lëtzebuerger Regierung weider net op d'Awänn vun deene betraffene Gemenge lauschteren. Déi Kritik kënnt vum Herbert Schneider, Buergermeeschter vun der däitscher Gemeng Temmels.

auto_stories

3 min

Den Herbert Schneider wiert sech, zesumme mat de Lëtzebuerger Gemenge Mäertert a Gréiwemaacher, géint de Projet. Am Mëttelpunkt steet elo ënner anerem déi sougenannten "Umweltverträglichkeits-Untersuchung."

Déi Etude, an där ënner anerem festgehale gëtt, wat beim Projet fir den Ausbau vun den Tanklageren zu Mäertert genee muss iwwerpréift ginn, war zejoert vum Bedreiwer Tanklux gemaach ginn. Déi betraffe Gemengen hunn duerno hir Awänn a Commentairen zur Etude beim Ministère eraginn a kruten elo eng Äntwert, mat där den Hebert Schneider, Buergermeeschter vun Temmels, net zefridden ass.

"Den Ëmweltministère huet déi sougenannten 'Umweltverträglichkeits-Untersuchung' als vollstänneg a fir an der Rei erkläert. Dat ass d'Viraussetzung dofir, datt d'Firma Tanklux dee weidere Wee fir d'Autorisatioun aschloe kann. Aus eiser Siicht ass et absolut net korrekt, wat do mat agereecht gouf. Eis Stellungname si gréisstendeels einfach verworf ginn."

Als Beispill nennt den däitsche Buergermeeschter d'Berechnunge fir d'CO2-Emissioune vun der Anlag. Déi wieren net komplett, wëll fir d'Schëff-Liwwerunge bei der Anlag vu Mäertert d'Betribszäite vu sechs moies bis owes zéng genannt géife ginn. Mam Ofluede géing een awer bis wäit an d'Nuecht erakommen.

Ënnert den Dësch gekiert?

"Dat ass net seelen. D'Schëffer kommen owes tëscht sechs an aacht Auer un. Fir d'Ofluede brauche si ëm déi sechs Stonnen. Et geet also ëm Emissiounswäerter a wann dat einfach ënnert den Dësch gekiert gëtt an net berécksiichtegt gëtt, da kann en Ëmweltministère net dohi goen a soen, d'Ënnerlage wiere komplett."

De Lëtzebuerger Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère huet op eis Nofro hi betount, déi betraffe Gemengen an all aner Acteuren, dorënner d'Inspection du Travail et des Mines, wieren a géifen all mat an d'Diskussiounen agebonne ginn.

(Foto: Mick Giewer)

De Prozess fir den Ausbau-Projet vun den Tanklageren zu Mäertert wier absolut nach net ofgeschloss. D'Gemengen hätten elo och zwee Méint méi laang Zäit krit, also bis de 15. November, fir nach emol eventuell Awänn op déi sougenannten "Umweltverträglichkeits-Untersuchung" eranzeschécken. An de Ministère géif dat seriö kucken.

"Mir schaffen enk zesummen"

Déi däitsch Gemeng Temmels géing enk mat de Gemenge Mäertert a Gréiwemaacher zesummeschaffen an op enger Linn leien, seet den Herbert Schneider. De Buergermeeschter vun Temmels schéngt net ganz optimistesch, datt ee sech mat der Lëtzebuerger Regierung eens gëtt:

"Mir hunn op der däitscher Säit elo och en eegene Affekot, dee sech an där Saach auskennt, engagéiert. Op der Lëtzebuerger Säit hu mir och schonn en Affekot. Soubal d'Prozedur elo am gaangen ass, kënne mir de Wee vun der Klo goen an da wäerte mir deen och goen."