D'Liewensbedingunge fir Kanner, déi zu Schraasseg am Prisong sinn, géifen nämlech net hire Besoinen entspriechen. Si wiere sech selwer iwwerlooss, heescht et am Rapport. Och u passender medezinescher Versuergung géif et feelen. Fir d'Kanner ze betreie wier nämlech ee reegelméissege Suivi néideg. D'psychologesch Betreiung zu Schraasseg wier "quasi inexistent", heescht et am Rapport vum Comité fir d'Preventioun vu Folter.
Verschidde Kanner schwätze vu Policegewalt
Eng änlech schlecht Nott kritt d'Unisec zu Dräibuer. D'Kanner misste vill méi psychiatresch betreit ginn an een Encadrement kréie fir Ofhängegkeeten ze traitéieren an ze verhënneren. Et gëtt festgestallt, datt d'Kanner an de Kummere keng Fotoen ophänken dierften, d'Knäppercher an der Kummer fir Radio ze lauschtere géifen net funktionéieren an et géife keng Rideaue ginn. De Kanner géif gedreet ginn, an de Prisong zu Schraasseg ze kommen, wa se net follegen. Zu Schraasseg wéi och zu Dräibuer wieren et och kuerz virun der Visitt zu Fäll vu Gewalt tëscht de Kanner komm.
Iwwer hiren Traitement duerch Giischtercher hätten déi meeschte Kanner positiv geschwat. De Comité hätt keng Virfäll vu Gewalt duerch d'Autoritéiten an de Prisongen enregistréiert. Eng Rei Kanner hätten awer iwwer Policegewalt geschwat. Am Rapport ass riets vu Schléi mat Fäischt a mat enger Matraque a Policekommissariater no der Verhaftung.
Déi selwecht Kritik wéi schon 1993
De Rapport baséiert sech op enger Visitt vum Comité zu Lëtzebuerg. Zwou Woche laang hu Membere vum Comité am Fréijoer d' Situatioun vu Kanner zu Schraasseg, Dräibuer an de Centre hospitalier neuropsychiatrique zu Ettelbréck ënnersicht. Och d'Policekommissariater an der Stad an zu Esch goufe besicht.
Opgrond vun hiren Observatioune fuerdert de Comité fir d'Preventioun vu Folter, datt keng Kanner a Jugendlecher méi a Prisongen ënnerbruecht solle ginn. Et gouf zwar zur Kenntnis geholl, datt déi geplangte Reform vum Jugendschutz-Gesetz an der Chamber deposéiert gouf. Mee et hätt direkt kënnen eng Mesure geholl ginn, datt Mannerjäreger net méi an den Erwuessenen-Prisong kommen, sou de Comité.
D'Kritik un de lëtzebuergesche Prisongen ass net nei. De Comité vum Conseil de l'Europe widderhëlt d'Kritik zanter 1993, wéi e seng éischt Visitt gemaach huet.