Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik u Jugurtsfabrick

Fage

Kritik u Jugurtsfabrick

Schaarf Kritik vum Beetebuerger Schäfferot a siwe Südgemengen um Projet Fage. D'Envergure vun der Jugurtsfabrick wieren iwwerdriwwen. D'Produktioun wier net nohalteg, ekologesch a géif d'Ressourcen net schounen.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Jean-Claude Franck lauschterenplay_arrow


Fage huet dem Staat schonn den Terrain ofkaaft, elo brauch de griichesche Konzern eng Betribsgeneemegung. Am Kader vun där Commodo-Incommodo-Prozedur huet de Beetebuerger Schäfferot awer ouni Iwwerraschung seng Kritik um Projet widderholl, de Beetebuerger CSV-Buergermeeschter Laurent Zeimet hat sech scho virun zwou Woche skeptesch gewisen.

Beetebuerg: Kritik wéinst Waasserverbrauch

Am schrëftlechen Avis heescht et, d'Produktioun vun 80 Millioune Kilo Jugurt pro Joer wier net nohalteg, ekologesch a géif d'Ressourcen net schounen. De Schäfferot fäert, datt d'Waasser duerch d'Jugurtsfabrick nach méi knapp gëtt. Déi 2.500 Meterkibb, déi d'Fabrick an der zweeter Phas pro Dag brauch, géifen den Drock méi grouss maachen.

Elo scho géif d'Waasserverwaltung a Phase vun Dréchent Opriff un d'Populatioun maache fir Waasser ze spueren. Dofir wëllt de Schäfferot (CSV-déi gréng-DP) wëssen, ob de griichesche Konzern d'Liwwerung vun 2.500 Meterkibb Drénkwaasser pro Dag garantéiert kritt, an ob d'Beetebuerger Awunner riskéiere benodeelegt ze ginn.

Uelzechtdall: Kritik wéinst Ofwaasser

Änlech Kritik gëtt et och vu siwe Südgemengen aus dem Uelzechtdall, dorënner Beetebuerg, Schëffleng an Esch. D'Ofwaasser ass hiren Theema: Déi 3.100 Meterkibb, déi pro Dag iwwer eng Kläranlag an d'Uelzecht géife lafen, géife riskéieren d'Uelzecht ze erstécken.

All Pläng fir d'Qualitéit vum Waasser ze verbessere wieren domat a Fro gestallt. D'selwecht wéi de Beetebuerger Schäfferot freet de Contrat de rivière du Bassin supérieur de l'Alzette d'Regierung fir hir Intentiounen ze iwwerdenke fir Fage eng Betribsgeneemegung ze ginn.

Déi schrëftlech Avise sinn un d'Ëmweltverwaltung geschéckt ginn, esou wéi d'Commodo-Incommodo-Prozedur dat virgesäit. Nieft der Betribsgeneemegung brauch Fage nach eng Baugeneemegung. Fage huet schonn zanter 2012 säi Steiersëtz zu Lëtzebuerg. De Wirtschaftsministère a Fage hunn de Bau vun der Jugurt-Fabrick am Juli 2016 annoncéiert. Zanterdeem lafen d'Autorisatiounsprozeduren.