arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kriibs ass déi zweet Doudesursaachzu Lëtzebuerg

Nationale Rapport

|
reading time

2 min

Kriibs ass déi zweet Doudesursaachzu Lëtzebuerg

Kriibserkrankunge sinn hei am Land ëmmer nach déi éischt Doudesursaach bei Männer an déi zweet bei Fraen. Dat huet de Gesondheetsministère um Weltdag géint de Kriibs matgedeelt.

reading time

2 min

Fir d'éischte Kéier huet Lëtzebuerg en nationale Kriibsrapport presentéiert. Dat Dokument soll ënner anerem epidemiologesch Donnéeë liwweren an en detailléierten Iwwerbléck iwwer d'Cancérologie. Domat soll de Rapport der Politik Usätz bidde fir d'Orientéierung vun der Gesondheetspolitik a Saache Kriibs.

Déi dräi déidlechst Kriibserkrankunge bei de Männer si Longen-, Daarm- a Prostatakriibs. Bei de Fraen ass et Broscht, Longen an Daarmkriibs.

Op der véierter Plaz deele sech d'Geschlechter de Pankreaskriibs. De Guy Berchem, President vum Institut National du Cancer fënnt dat "inquiétant", well een net weess, wouduerch de Pankreaskriibs esou prominent ginn ass. A Frankräich géif et scho Klinicke ginn, wou Pankreaskriibs méi heefeg virkënnt wéi Daarmkriibs.

Weidere Fokus op Preventioun

Kriibs trëtt am heefegsten an der Alterskategorie vu 60 Joer un op. 40 Prozent vun de Kriibserkrankunge kéint een "iwwer de Wee vun der Preventioun" evitéieren, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.

Bei der Presentatioun um Weltkriibsdag den Donneschdeg huet si betount, datt d'Donnéeën aus dem nationale Kriibsrapport e wichtege Pilier wieren, déi géinge kloer Piste ginn, wou d'Prioritéiten ze setze wieren. Den Accent géif weider op déi primär a sekundär Preventioun geluecht ginn. Et géif hir ze denke ginn, datt esou vill Erkrankunge kéinten evitéiert ginn.

Nieft enger gesonder Ernärung a reegelméisseger physescher Aktivitéit sinn et virun allem d'Net-fëmmen an e moderaten Alkoholkonsum, déi bei der Preventioun wichteg sinn. Zu Lëtzebuerg fëmmt awer weider eng vu fënnef Persounen, an deegleche Konsum vun Alkohol geet mam Alter erop, esou de Guy Berchem.

D'Paulette Lenert, mëttlerweil zanter engem Joer Gesondheetsministerin, seet, si hätt wéinst der Coronavirus-Pandemie wéineg Zäit gehat, sech an all Dossier eranzeschaffen. Nieft der Preventioun, wou "ganz vill Efforte wäerte gemaach ginn", wieren zu Lëtzebuerg d'Prioritéite bei der Prise en charge, Recherche a Kompetenzen opbauen, fir sech och international kënnen ze positionéieren.

Kriibs wéinst Corona net vernoléissegen

Trotz Coronavirus gouf um Weltkriibsdag nach eng Kéier den Appell gemaach, den Traitement oder den Depistage Rendez-vous wéinst der Covid-Kriis net ofzebriechen. De Guy Berchem seet:

"De Covid ass eng Saach, mee Kriibs kréien ass eng aner, an et soll een net dat eent negligéieren, fir dat anert net ze kréien."

Zu Lëtzebuerg ginn am Duerchschnëtt pro Joer ronn 2.600 nei Kriibsdiagnostike gemaach.