Impfungen Kräizimpfungen: EMA mécht nach keng definitiv Recommandatioun
Fir d'EMA si Kräizimpfunge géint de Coronavirus interessant. Den europäesche Regulateur sot den Donneschdeg Mëtteg, et géifen Etudë ginn, déi weisen datt eng Dosis mat AstraZeneca an eng Dosis mat engem mRna-Vaccin e gudde Schutz bidden.
D'EMA huet awer nach keng definitiv Recommandatioun un d'europäesch Memberstaate gemaach. D'Decisioun géif awer egal wéi bei de Memberstaate leien, esou d'EMA.
Lëtzebuerg hat rezent gesot, et wéilt een d'Positioun vun der EMA ofwaarden. De Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses huet sech schonn den 11. Juni fir Kräizimpfungen ausgeschwat. Eisen Informatiounen no soll de Regierungsrot muer nach eng Kéier doriwwer beroden. D'EMA huet de Mëtteg och gemengt, déi véier Vaccinen, déi an der EU zougelooss sinn, géife géint d'Delta-Variant schützen. D'Delta-Variant ass méi ustiechend wéi aner Varianten a verdrängt dofir am Moment déi fréier Varianten.