Wéi mer dat vu gutt informéierte Sourcë gesot kruten, fält déi Decisioun haut am Regierungsrot. D'Annonce ass de Mëtteg op der Pressekonferenz vum Vizepremier Dan Kersch an der Gesondheetsministerin Paulette Lenert geplangt.
De Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses hat sech schonn den 11. Juni fir Kräizimpfungen ausgeschwat, d'Regierung wollt an enger éischter Phase awer ofwaarden, ob d'Europäesch Medikamentenagence keng Recommandatioun géif ausschwätzen.
D'EMA huet d'lescht Woch nach keng Recommandatioun ausgeschwat, huet awer gesot, d'Länner kéinten déi Decisioun selwer huelen. Verschidden EU-Staaten, dorënner Däitschland, erméigleche scho méi laang Kräizimpfungen tëscht AstraZeneca an mRna-Impfstoffer, well den Impfschutz géint de Virus doduerch besser wier. Éischt Studien haten op e besseren Impfschutz higewisen.