Vertrauenskris tëschent Personal an Direktioun Kräizbierg: Evaluatioun a Mediatioun géint déi intern Kris

An der Fondatioun Kräizbierg sollen eng extern Evaluatioun an eng Mediatioun hëllefen de Konflikt tëschent Direktioun a Personaldelegatioun ze léisen. Dat hunn d'Membere vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun an den Ateliere vum Kräizbierg den Owend matgedeelt.

jcf

Kräizbierg 2

Donieft kéinten an Zukunft bis zu dräi Vertrieder vun de Salariéë mat enger Behënnerung a vum Personal an de Reunioune vum Verwaltungsrot dobäi sinn, ouni Stëmmrecht. D'nächst Woch soll eng weider Reunioun vum Verwaltungsrot si fir d'Decisioune vun haut ze konkretiséieren.

Am Communiqué gëtt ënnerstrach, datt d'Haaptzil vun de Conseilsmemberen e qualitativen Accueil fir Mënsche mat enger kierperlecher Behënnerung wier. D'Aterliere vun der Fondatioun géifen net an enger Logik vu Profitorientéierung schaffen. Et géif een d'Doleancë vum OGBL a vun der Personaldelegatioun zur Kenntnis huelen. Déi 15 Membere vum Verwaltungsrot plädéieren am Communiqué fir en oppenen a strukturéierte Sozialdialog.

Tëschent der Personaldelegatioun an dem Direktiounscomité vun der Diddelenger Fondatioun Kräizbierg gëtt et zanter Méint eng Vertrauenskris.

Den OGBL huet virum Weekend vu Mëssstänn an den Atelieren an an der Fondatioun geschwat. D'Direktioun kritt en autoritären an onmënschleche Féierungsstil virgeheit. D'Gewerkschaft huet de Verwaltungsrot opgefuerdert ze handelen: et wier inakzeptabel, datt déi 15 Memberen de Kapp an de Sand stiechen.

President vum Verwaltungsrot ass de fréieren DP-Politiker Henri Grethen. President vum Direktiounscomité a Member vum Verwaltungsrot ass de fréiere Beamte Jeannot Berg. D'Fondatioun Kräizbierg hat zejoert 270 Salariéeën. Dobäi sinn an den Atelieren nach eppes méi wéi 100 Persoune mat enger Behënnerung beschäftegt.

Méi zum Thema

Fondation Kräizbierg
Fondation Kräizbierg

No interner Vertrauenskris soll de Mëtteg de Verwaltungsrot vun der Fondation Kräizbierg zesummekommen. Den OGBL hat vu Mëssstänn geschwat, d'Direktioun kritt en onmënschleche Féierungsstil virgehäit.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen