Radioen

On air

Grousse Kino  |  Suicide - Rocket USA

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ KPL a Piratepartei vun Table Ronden ecartéiert

Gemengewahlen

KPL a Piratepartei vun Table Ronden ecartéiert

D'KPL beschwéiert sech iwwer nei Critèren, déi si vun den offiziellen Table rondë virun de Gemengewahlen ausschléissen. De staatleche Service information et presse (SIP), deen d'Medie-Campagne organiséiert, huet d'Critèrë géigeniwwer de leschte Gemengewahle méi restriktiv gemaach. Och d'Piratepartei wäert net bei den offiziellen Debatten dobäi sinn. Am Mount virun de Gemengewahle gi sechs där Table ronden organiséiert: Zwou op RTL Télé, zwou op RTL Radio an zwou um radio 100,7.

auto_stories

3 min

Déi offiziell Debatte virun de Wahle si wichteg. Zemools fir méi kleng Parteien, déi domat eng national Plattform kréien a sech ëffentlech mat deene grousse Parteie kënne moossen.

Mee fir als Partei iwwerhaapt kënnen ee Vetrieder ze schécken, muss ee mat komplette Lëschten a Gemengen untrieden, där hir Populatioun zesummen op mannst ee Véierel vun der Gesamtpopulatioun vum Land ausmaachen. Dem leschte Stand no also 147.000. Weder d'KPL nach d'Piratepartei respektéieren déi Critèren, déi béid Parteien och kritiséieren.

"Politesch Kräften ausschléissen"

De President vun der Kommunistescher Partei Ali Ruckert beschwéiert sech iwwert dës - a sengen An - arbiträr Critèren.

"Dat ass ganz willkürlech, wat do decidéiert gëtt. An ëmmer wa sou Critèrë geholl ginn, gëtt dat natierlech nëmme gemaach fir Leit auszeschléissen. Fir aner politesch Kräften, wou een net onbedéngt wëllt, datt si op de Radio an op de Fernseh kommen, auszeschléissen."

Grad sou wéineg wéi elo waren d'Kommuniste bei deene leschte Gemengewahlen 2011 mat enger kompletter Lëscht an der Stad ugetrueden. An awer ware se bei Table ronden dobäi, wann och net bei allen. Mee deemools gouf et nach eng zousätzlech Bedéngung: D'Zuel vun den Awunner an de Gemenge gouf duerch d'Zuel vun de Kandidate gedeelt. Sou gouf d'Zäit, déi een am Ganzen op Antenn zegutt hat, berechent. Dee Critère huet de Service information et presse elo gestrach. Fir d'Table ronden, awer net fir d'Publicitéitsspotten.

"Media blackout"

Fir de Sven Clement, deem seng Piratepartei ënnert den ale Critèren nach duerchkomm wier, ass et däitlech méi restriktiv ginn. D'Iddi fir ee Seuil ze setze wier zwar sënnvoll. Allerdéngs géif d'Zil verfeelt ginn, fir eng gewëssen national Representativitéit ze garantéieren. Dem President vun de Piraten no wiere souwuel seng Partei wéi och d'KPL national representativ.

"E komplette Media blackout - wéi dat elo schlussendlech interpretéiert gëtt - fanne mir schued, an definitiv net fërderlech fir en demokratesche Pluralismus."

All d'Parteien haten d'Dokument mat de Spillregelen am Virfeld vum Service information et presse geschéckt kritt a konnten een Avis ofginn. Bei enger Reunioun tëschent de Vertrieder vun de Parteien an dem SIP wier d'Ännerung vun de Spillregele jiddefalls net thematiséiert ginn, verséchert de KPL-President. "Vläicht ware mir e bëssen naiv, datt mir eis net konnte virstellen, datt eng Regierung do wier, déi sou antidemokratesch Moossnamen huele kéint", seet den Ali Ruckert.

Firwat huet de staatleche Service information et presse dann elo den Zougank zu den Table rondë méi restriktiv gemaach? War dat eng eegestänneg Decisioun vun där Verwaltung oder gouf se vun der Regierung oder soss Oppositiouns-Parteie suggeréiert? Op dës Froe gëtt et keng Äntwerten: Den Direkter vum Service information et presse, Jean-Claude Olivier, wollt op eis Nofro hi kee Kommentar ofginn.