Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koordinatioun vun de Spideeler

Corona-Kris

Koordinatioun vun de Spideeler

Fir déi nächst zwou bis dräi Wochen hunn d'Spideeler genuch Kapazitéiten, fir Corona-Patienten ze traitéieren. Dat seet den Dr. Philippe Turk am 100,7-Interview. Zanter knapp zwou Woche koordinéiert de Conseiller am Ministère d'Spideeler wärend der Corona-Kris.

auto_stories

4 min

Zanter enger Woch hätten d'Spideeler e Monitoring en Place gesat, dee prezis ausrechent, wéi vill Kapazitéite fräi sinn. Zweemol den Dag géifen d'Donnéeën iwwer d'Statiouns- an d'Intensivbetter erakommen, erkläert de Philippe Turk. Dozou géif och d'Equipement gehéieren. "Déi Indicateure ginn all Dag ausgetosch", seet de Conseiller am Ministère.

D'Kapazitéite wieren an de leschten dräi Woche fräigemaach ginn. D'Spideeler hätten och nach Reserven an de Kapazitéiten, esou de Philippe Turk. Et wieren "e puer Honnert" fräi Plaze bei den normale Better. Momentan wieren der 170 vu COVID19-Patiente beluecht.

"An de Soins intensifs si mir vu 25 op 30 Patiente geklommen, mee och do hu mir nach Loft no uewe mat bis zu 115 Better, a mir hunn nach Reservë fir bis op 200 Beootmungspatienten ze kommen".

Eréischt berouegt, wa Beootmungsmaschinnen ukomm sinn

Et géif awer nach e bëssen u Material feelen. Den Ament géifen et nämlech hei am Land 130 Maschinne ginn, déi d'Patienten iwwer eng laang Zäit kéinte beootmen. D'Spideeler géifen op weider Beootmungsapparater waarden.

Dat wier e ganz delikate Sujet, well déi ganz Welt probéiere géif fir esou Maschinnen ze kafen, de Maart wier dowéinst "ganz ugespaant", seet den Dr. Philippe Turk. An der Cellule logistique wier een amgaang an der Nuecht mat China ze verhandelen.

Den Dr. Philippe Turk

Rezent wier bei enger Liwwerung vun der Cargolux zéng "ganz gutt Maschinnen" dobäi gewiescht, an et hätt een nach e puer Dosen an der Pipeline. "Mee mir sinn eréischt berouegt, wann d'Maschinnen hei zu Lëtzebuerg gelant sinn. Virdrun ass et zimmlech wackeleg."

Dem Dr. Philippe Turk no wier virun allem d'Qualitéit vun der Maschinn wichteg, hei géifen et Ënnerscheeder ginn. Engpäss kéint et och beim Personal ginn, déi esou Maschinne bedénge kënnen. Meeschtens wieren dat Infirmier-Anästhesisten, déi aner géife eng Formatioun kréien.

"An all Spidol gi Formatioune gemaach fir si ëmzeschoulen. Mir hunn och do nach eng Aarbecht virun eis, fir déi Ressourcen esou gutt wei méiglech anzesetzen."

Dobäi kéim d'Suerg, datt d'Dokteren an d'Infirmieren sech selwer mam Coronavirus ustiechen. Et misst een extrem gutt oppassen, datt net ze vill Leit duerch de Coronavirus 14 Deeg missten doheem bleiwen. "Mee mir hunn eng gutt Zesummenaarbecht mam Aarbechtsgrupp Reserve sanitaire."

"Requisitioun wier eng Katastroph"

Eng weider grouss Angscht wier, datt eis Nopeschlänner géifen ufänken d'Personal, dat hei am Gesondheetssecteur schafft, ze requisitionéieren. D'Paulette Lenert hat dat gëschter virun der Press net méi ausgeschloss. Dat wier eng Katastroph, esou de Philippe Turk.

"Do gëtt um diplomatesche Wee geschafft. Dat ass och ee vun de Grënn, wisou mir déi aacht Covid-19-Patienten aus Frankräich geholl hunn. Eis Regierung ass do sécher amgaang, alles ze maachen. Mir hunn a verschiddene Secteure méi wei d'Hallschent vun de Leit, déi aus dem Ausland kommen."

Datt d'Dokteren an d'Fleegepersonal, sou wéi op verschiddene Plazen an Europa, weiderschaffen, obwuel si infizéiert sinn, kéim fir den Dr. Philippe Turk den Ament hei net a Fro. Wat d'Schutzkleedung ugeet, do wieren d'Spideeler mëttlerweil gutt opgestallt. Et géife vill falsch Virstellungen doriwwer ginn.

D'Direktioun vun der Santé wier amgaang eng nei Mise au point ze maache fir ze wëssen, wat déi nei Standarde wieren. "Net jiddweree brauch déi selwecht Equipementer." Viru Kuerzem wier ee Fliger gelant mat "e puer Tonne Material". Dat géif geschwënn un d'Spideeler ausgeliwwert ginn, seet den Dr. Philippe Turk.

Grouss Solidaritéit

Den Dr. Philippe Turk spiert eng grouss Solidaritéit duerch alleguer d'Secteuren. Och d'Konkurrenz tëschent de Spideeler wier vun haut op muer vum Dësch gewiescht, erkläert den Dokter, hie géif all Dag mat de Spidolsdirekteren telefonéieren. Et wier een net an enger Situatioun, wou et Konkurrenzdenke géif ginn.

D'Zesummenaarbecht tëschent deene véier grousse Spideeler hei am Land wier excellent an op héijem Niveau. Déi véier Haaptspideeler am Centre, um Kierchbierg am Norden an zu Esch wiere gewinnt zesummenzeschaffen.