Radioen

On air

Spektrum  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koordinatioun vu Sécurité Sociale-Donnéeë méi staark digitaliséieren

EU-KOMMISSIOUN

Koordinatioun vu Sécurité Sociale-Donnéeë méi staark digitaliséieren

D'Länner vun der Europäescher Unioun musse weider Schrëtt huelen, fir den Austausch vun Securité-Sociale-Donnéeën ze digitaliséieren, sou d'EU-Kommissioun. Och Lëtzebuerg ass nach net prett, bedauert den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, den Nicolas Schmit.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den europäesche System fir Securité-Sociale-Donneeën ënnereneen auszetauschen ass zwar am ganzen an 32 Länner operationell. Verschiddener mussen awer d'Emsetzung op nationalem Niveau nach finaliséieren, dat heescht hir national Systemer komplett digitaliséieren.

Zu honnert Prozent prett si just 13 Länner. Lëtzebuerg gehéiert net dozou. Déi Länner wéilten een elo "positiv ënner Drock sëtzen", seet den EU-Kommissär fir d'Aabrecht a Soziales, de Nicolas Schmit am 100Komma7-Interview, fir datt se zu 100 Prozent prett sinn. Hie géing hoffen, datt dat zu Lëtzebuerg a noer Zukunft geschitt.

Nicolas Schmit: EU-Kommissioun ass prett, ze hëllefen

Grad d'Digitaliséierung an domat de méi séieren an einfachen Zougank zu Informatioune kéint de Bierger ma och den Administratiounen d'Liewe méi einfach maachen.

"Lëtzebuerg, wou jo wierklech déi do Dimensioun extrem grouss ass. Warscheinlech gëtt et kee Land, wou sou vill Leit transfrontalière Bezéiungen hunn, sief et iwwer Pensiounen, iwwer d'Krankekeess, sief et, proportionell gesinn, iwwer den Detachement."

Wat kann a wat muss konkret zu Lëtzebuerg geschéien? Et wier net un him, der Regierung ee Rot ze ginn, sou de fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister. D'Kommissioun ass awer prett, ze hëllefen.

"Et ass wichteg, datt all Land do mat mécht, y compris Lëtzebuerg, a mir wäerten och mat Lëtzebuerg doriwwer schwätzen, wéi déi Prozesser kënnen acceleréiert ginn."

Bis 2024 mussen am Prinzip all d'Länner beim europäesche System matmaachen, et bleift allerdéngs eng national Decisioun. D'Kommissioun ka kee forcéieren, dat ze maachen.

Et gëtt an der EU och ee Pilotprojet fir een eenheetlechen Digitale Pass fir d'Securité Sociale. Hei maache bis elo zwielef Länner mat. Och do ass de Grand Duché bis elo net derbäi.