Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kooperatiounspolitik: d'Roll vu Lëtzebuerg weltwäit

Chamberdebatt

Kooperatiounspolitik: d'Roll vu Lëtzebuerg weltwäit

Lëtzebuerg ass e gudde Schüler a Saache Kooperatioun, et muss een awer weiderhin oppassen d'Partnerlänner ze respektéieren an an der eegener Responsabilitéit ze loossen. Dat war de generellen Tenor gëschter an der Chamber bei den Debatten iwwer déi national Kooperatiounspolitik.

auto_stories

2 min

De Kooperatiounsminister Franz Fayot bei der Chamberdebatt iwwer d'Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik

Déi Länner, déi Lëtzebuerg virrangeg ënnerstëtzt, mussen an der Aart a Weis, wéi se funktionéieren, respektéiert ginn. Doriwwer ware sech gëschter praktesch all d'Riedner:innen an der Chamber eens.

All Säit misst dobäi eng Stëmm kréien, esou d'LSAP-Deputéiert Lydia Mutsch.

"All Land muss um Dësch sëtzen, all déi concernéiert Acteure musse kënne gehéiert ginn. Nëmmen esou ka Multilateralismus funktionéieren."

Klimaschutz an Entwécklungshëllef géifen haut Hand an Hand goen, seet den CSV-Deputéierte Marc Spautz. Wann et bei de Leit doheem schlecht geet, maache se dat, wat d'Lëtzebuerger:inne virun 200 Joer gemaach hunn:

"Wa mir de Leit an Afrika, a Südamerika, am asiatesche Kontinent, net hëllefen hir Géigend liewenswäert ze maachen, da wäert dat mat der Flüchtlingspolitik och net ophalen, an da wäerten ëmmer méi Leit probéieren aus hire Länner fort ze goen."

Kritik vun déi Lénk

Schaarf Kritik koum virun allem vun der Nathalie Oberweis. De Choix, fir déi westafrikanesch Staaten zugonschte vum Ruanda ze vernoléissegen, wier net nozevollzéien. Et wier eng reng Fro vu Business, mengt d'Deputéiert vun déi Lénk.

"Jo, et gëtt e Sécherheetsproblem a Westafrika, mee um Terrain gëtt et fir d'éischt eemol e Problem vum Iwwerliewen, vun Aarmut a vu Perspektivlosegkeet. Doraus ass ee Sécherheetsproblem entstanen an d'Kooperatioun gëtt ëmmer nach als ee vun den eenzegen Hiewelen ugesi fir op d'Situatioun iwwerhaapt nach kënnen anzewierken, nodeems déi europäesch Militärmissiounen an d'Box gaange sinn."

Ee Problem: Autoritär Regimmer

Déi selektiv Kooperatiounspolitik hätt allerdéngs hir Limitten, seet sengersäits den DP-Deputéierte Gusty Graas. Et misst ee sech och bewosst sinn, datt een eise Wirtschaftsmodell net 1:1 an deene Länner ëmsetze kéint.

"Mir musse Respekt virun hire Kulturen hunn, mir musse Verständnis fir hir Liewensweis entwéckelen, dat ass ganz kloer."

Ee Problem wieren déi autoritär Regimmer, betount de Gusty Graas.

"Da gëtt natierlech ëmmer déi kruzial a berechtegt Fro gestallt: Solle mir an deene Länner nach aktiv bleiwen, jo oder nee? [...] Do stellt sech natierlech dann d'Fro, ob een net versiche soll iwwer verschidden aner Kanäl, an zwar net déi bilateral mat der Regierung, mee mat ONGen, respektiv internationalen Organisatiounen, probéieren de Leit ze hëllefen."