Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Biréli Lagrène and Sylvain Luc - All the Things You Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konzentratioun vum Grondbesëtz

Gläichheet a Logement

Konzentratioun vum Grondbesëtz

De Besëtz vu Grond a Buedem ass zu Lëtzebuerg ganz ongläich verdeelt. De Sozial-Geograph Antoine Paccoud setzt sech a senger Aarbecht verstäerkt mat der Konzentratioun vum Patrimoine foncier auserneen. Fir den haitegen internationalen Dag vun der sozialer Gerechtegkeet huet de Stephan Polet mat dësem Fuerscher vum Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche, kuerz LISER, geschwat.

auto_stories

3 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Jastock

Op 3.000 Hektar gëtt d'Fläch hei am Land geschat, déi am Bauperimeter läit, awer nach net bebaut ass oder zu kengem Gaart gehéiert. An anere Wierder: Et ass d'Fläch, op där nei Logementer kéinte gebaut ginn. 2016 louchen eppes méi wéi 72 Prozent vun dësen Terrainen an den Hänn vu Privatpersounen, esou de Fuerscher Antoine Paccoud.

Et géifen ongeféier 16.000 Privatproprietäre vu Bauland zu Lëtzebuerg ginn. Dat wieren ongeféier zwee bis dräi Prozent vun der Bevëlkerung. "Dat heescht, mir schwätze scho vun enger Minoritéit." Wann een d'Verdeelung vum Bauland tëschent dëse Privatpersoune géif kucken, dat géif ee gesinn, datt eng ganz kleng Zuel vu Proprietären d'Hallschent vun dësem Bauland géif besetzen. Den Antoine Paccoud schwätzt vun ongeféier 500 Famillen.

Eng staark Konzentratioun a privater Hand

Den Antoine Paccoud huet sech d'Stad Diddeleng am Detail ugekuckt. Hei géif e groussen Deel vun de besote Grondstécker schonn zanter Generatiounen an den Hänn vu e puer Famille leien. Dës Besëtzverhältnisser kéint een deels bis an d'19. Joerhonnert zeréckverfollegen.

2016 ware ronn eelef Prozent vum Grondbesëtz an den Hänn vu staatlechen Acteuren an de Gemengen. Dësen Taux wier zu Lëtzebuerg traditionell ëmmer niddereg gewiescht - wat och erëm zu der staarker Konzentratioun a privaten Hänn bäigedroen hätt.

"Mat enger Situatioun, wou déi ëffentlech Autoritéiten net staark an de Wunnengsmaart agräifen, ass et logesch, datt eng Ideologie entsteet, no där een op alle Fall Proprietär sollt ginn", seet den Antoine Paccoud. Et wier logesch gewiescht, datt ee säi Grondbesëtz steigere sollt, "well et deen eenzege Wee war, fir eng sécher Zukunft fir seng Kanner ze garantéieren."

Promoteuren hu vill Terrain

Dës Konzentratiounslogik hätt awer zu groussen Inegalitéite geféiert. Well och do, wou entscheet gëtt, e Stéck ze verkafen, fir datt Wunnengen drop gebaut ginn, bleift et bei enger staarker Konzentratioun - dës Kéier an den Hänn vun e puer Promoteuren, seet den Antoine Paccoud.

"Mir hunn eng Handvoll Firmen, eng 30 Stéck, déi déi grouss Majoritéit vun den Terrainen hält. Dat bestätegt e bëssen dat, wat mir schonn iwwer den Immobiliesecteur zu Lëtzebuerg wëssen: Datt et eng kleng Unzuel u grousse Promoteure gëtt, déi fir déi meeschte Projeten zoustänneg sinn."

Eng duebel Konzentratioun

Op där enger Säit eng Minoritéit u Privatleit, déi de Gros vum Bauland besëtzen, op där anerer Säit e Grapp voll Promoteuren - dës duebel Konzentratioun géif dem Fuerscher no zu der aktueller Kris mat immens héije Logementspräisser bäidroen.

"Kee vun deenen zwee Acteuren huet en Interêt, fir vill Terrainen op eemol op de Marché ze bréngen. Well dat hätt en Impakt op d'Hausse vun de Präisser a géif hir Méiglechkeeten op Profit a Renten aschränken."

Keng einfach Léisungen

De Problem vun den héije Wunnengspräisser wier komplex, an et géif keng einfach Léisung ginn, seet den Antoine Paccoud. D'Grondsteier eropzesetze wier eng Méiglechkeet. Et kéint een och versichen, déi grouss Proprietären ze cibléieren, an en Deel vun där ekonomescher Rent erofschäffen, déi si duerch déi klammend Präisser kréien.

Mat deene Sue kéint de Stad da sengersäits nei Terraine kafen, seet den Antoine Paccoud.

"Déi ëffentlech Hand kann d'Offer u Wunnengen net eropsetzen, ouni e Besëtz vun Terrainen. All Mechanismus, deen et dem Staat erlaabt, Bauland ze kréien, fir soziale Wunnengsbau ze bedreiwen, hëlleft scho mol, fir deenen ze hëllefen, déi am stäerkste vun der Logementskris betraff sinn."