Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konventioun mam Luxembourg Science Center gekënnegt

wéinst ontransparenter gouvernance

Konventioun mam Luxembourg Science Center gekënnegt

Den Educatiounsminister huet d'Conventioun mat der ASBL "Luxembourg Science Center" gekënnegt. D'Zil ass et, den Zenter ze erhalen, mee d'Gouvernance ze änneren. Den Zenter deen zu Déifferdéng an der Léierbud vun der Fondatioun wëssenschaftlech Experienzen ubidd, ass wéinst enger intransparenter Gouvernance an enger Verflechtung tëscht der ASBL an enger Privatfirma GGM11 an d'Schlagzeile geroden.



auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Grond fir déi Kënnegung sinn Onstëmmegkeete mam Direkter vum Luxembourg Science Center, deen net den néidege Wëlle géif weisen, fir d'Gouvernance vun der ASBL ze änneren. Hie selwer ass Direkter a President vun där ASBL, an och de Responsabele vun der Firma GGM11, déi exklusiv fir de Luxembourg Science Center schafft. Dem LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo no misst elo gekuckt ginn, wéi dat passéiere konnt.

"Als éischt eng ASBL, dunn eng SARL, an da rëm eng ASBL, wou een elo de-tricotéiere muss, wat wie fir wie gemaach huet."

De Claude Meisch hat d'Inspection générale des Finances den Optrag ginn, een Audit duerchzeféieren, deen Enn des Mounts dierft ofgeschloss sinn. Eng Decisioun, déi de Marc Goergen vun der Piratepartei begréisst, och well de Claude Meisch eng Ännerung an der Gouvernance fuerdert: D'IGF kéint awer net Alles iwwerpréiwen.

"Zum Beispill, wéi héich de Chiffre d'affaire vun der Firma ass, well da kann ee vergläichen, wéi vill Rechnungen erausgaange si beim Ministère, well dat gesi si jo. De Problem ass ,si kënne jo net an déi SARL kucken."

Et kéint een awer einfach higoen an de Bilan vun der SARL huele fir dann ze kucken, wat de Science Center op der anerer Säit iwwerwisen huet, esou de Marc Goergen.

Analyse vun der IGF ofwaarden

Schonn elo wollt den Educatiounsminister intervenéieren: et léichen éischt Elementer fir, déi duergaange sinn, fir d'Decisioun ze treffen d'Konventioun mat engem Delai vu sechs Méint ze kënnegen.

Fir den Ament ginn d'Resultater vun der Analyse vun der IGF ofgewaart. Wat awer an Zukunft mam Luxembiurg Science Cener genee geschitt, ass net gesot ginn, betount d'CSV-Deputéiert Diane Adehm.

"Hien huet sech äusserst bedeckt gehalen, op hie lo wéilt dohinner goen, an déi SARL iwwerhuelen oder net."

Egal wéi ware sech all d'Parteien driwwer eens datt ee misst probéieren de Science Center ze erhalen, wéinst sengem edukative Charakter.