Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jaakko Eino Kalevi - Drifting Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konsumenteschutz: "D'Energiepräisser musse gedeckelt ginn"

Finanziell Hëllef

Konsumenteschutz: "D'Energiepräisser musse gedeckelt ginn"

Duerch déi aktuell Hausse vun Energiepräisser stéing d'Existenz vu verschidde Leit um Spill, seet den Nico Hoffmann. De Konsumenteschutz gesäit d'Regierung an der Verantwortung a fuerdert, datt d'Präisser um aktuellen Niveau agefruer ginn, datt se net nach méi klamme kënnen.

auto_stories

1 min

Den Nico Hoffmann ass President vum Konsumenteschutz

Et géife schonn aner Länner ginn, déi eng änlech Deckelung vun den Energiepräisser ëmgesat hunn, esou den Nico Hoffmann.

Als Beispiller nennt den ULC-President Frankräich, Belsch a Polen. Esou ee Präis-Stopp wier et an der Vergaangenheet och schonn zu Lëtzebuerg ginn, ënnersträicht den Nico Hoffmann.

Eng finanziell Ënnerstëtzung fir Privatstéit

D'Regierung misst ausserdeem Stéit mat engem méi niddregen Akommes och esou séier ewéi méiglech mat direkter finanzieller Hëllef ënner d'Äerm gräifen, esou den ULC-President Nico Hoffmann.

Eng eemoleg Hëllef vun 100 Euro, ewéi verschidde Parteie se d'lescht Woch an der Chamber presentéiert haten, geet senger Meenung no net duer.

Mat enger pauschaler Erhéijung vun 100 Euro kéint ee vläicht ee Mol tanke goen, mee d'Präisser wieren alleguer an d'Luucht gaangen - och zum Beispill fir doheem ze heizen.

Den Nico Hoffmann wollt sech am 100,7-Interview awer net festleeën, wéi héich dës finanziell Ënnerstëtzung fir d'Stéit misst sinn.