Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konkrete Projet eréischt no Ëmklasséierung

Google Datenzenter

Konkrete Projet eréischt no Ëmklasséierung

Wéi eng Envergure wäert de geplangten Datenzenter vu Google kréien? Wéi vill Energie a Waasser wäert um geplangte Site zu Biisse gebraucht ginn? Froen, op déi et den Ament keng kloer Äntwerte ginn. Den 20. Juni soll am Gemengerot vu Biissen den Terrain ëmklasséiert ginn, op deem den Datenzenter entstoe soll. E Fait, deen de Mouvement écologique an de leschten Deeg kritiséiert huet.

auto_stories

3 min

Servere musse gekillt ginn, fir datt se net iwwerhëtzen. Eng Methode bei groussen Datenzentren ass et, d'Servere mat Waasser ofzekillen. Am Fall vum geplangte Site vu Google zu Biissen kéint dat mat Waasser aus der Uelzecht geschéien. Och eng Zesummenaarbecht mat der Luxlaitsfabrick an der Géigend ass ugeduecht.

Drénkwaasserreserve ginn net duer

Fir de Fall, datt dës Sourcen eng Kéier net genuch Waasser kënne liwweren, wëll Google als Backup eng SEBES-Drénkwaasserleitung. Dorunner stéiert sech de Mouvement écologique. Et wier bekannt, datt am Summer manner Waasser do wier, seet d'Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement. Et géif sech dann d'Fro stellen, ob genuch Drénkwaasser do wier:

"Mir wësse jo alleguer, datt do souguer d'Ëmweltministesch an de leschten Deeg gesot huet, datt eis Grondwaasserreserven net genuch gefëllt wieren, datt mir fäerte mussen, datt mir am Summer e Manktem un Drénkwaasser kréien."

D'Blanche Weber freet sech, wéi een dann nach zousätzlech de Projet Google sollt packen.

Waasserverbrauch spillt bei Ëmklasséierung keng Roll

De Mouvement écologique fuerdert een dofir, datt et muss kloer sinn, wéi vill Waasser Google hei am Land brauch, ier datt de Gemengerot den Terrain vu Google ëmklasséiert. De Jos Schummer, Buergermeeschter vun der Gemeng Biissen, huet heirop geäntwert, de Waasserverbrauch géif beim Vott iwwer d'Ëmklasséierung keng Roll spillen. Google géif nämlech eréischt no där Ëmklasséierung ee konkrete Projet areechen.

Dës Aschätzung deelt een och beim Ëmweltministère. Et misst ee sech an d'Vue vum Investisseur eraversetzen, seet de Mike Wagner, Conseiller am Ëmweltministère. Esou ee Projet virbereede wier en immensen Opwand an et wéilt een als éischt e Baurecht hunn, ier datt e konkrete Projet ausgeschafft géif ginn.

Wéi geet et prozedural weider?

Den 20. Juni wëllt d'Gemeng Biissen de PAG, de Plan d'aménagement général, ëmänneren. Hei gëtt festgeluecht, wéi een Terrain fir wéi een Zweck benotzt dierf ginn. Spéider muss Google an engem PAP, engem Plan d'aménagement particulier, festhalen, wat genee um Terrain gebaut gëtt. Hei muss och präziséiert ginn, wat de geplangte Waasserverbrauch ass.

Wa Killwaasser aus der Uelzecht benotzt gëtt, da géifen et am Gesetz Virgabe ginn, wéi dat geschéie muss, präziséiert de Mike Wagner vum Ëmweltministère. Sollt awer op Drénkwaasser zeréckgegraff ginn, da wier dat am Prinzip eng reng Gemengekompetenz an da géife Gesetzer aus dem Ëmweltberäich net méi spillen.

Trotzdeem huet den Ëmweltministère och hei eng Méiglechkeet fir Afloss ze huelen, seet de Mike Wagner. An der Kommodo-Prozedur géif ee kucken, wat déi beschtméiglech Technologie wier. "Do gëtt et international Standarden, déi periodesch iwwerschafft ginn." Momentan wéilt ee sech schlau maachen, wat am Beräich vun den Datenzentren déi bescht Technologie a punkto Energieverbrauch a Ressourcëverbrauch, notamment Waasserverbrauch wier. "Duerno kann decidéiert ginn, wat ass déi Technologie déi an dësem Projet muss ëmgesat ginn, fir datt e geneemegt gëtt."

Google wëllt Detailer nom Reklassement verroden

Et ass nach net kloer, wat Google elo am Detail plangt. Eisen Informatiounen no sollen dräi eenzel Datenzentren entstoen, déi an e puer Etappe solle gebaut ginn. Dobäi kennt en Verwaltungsgebai an eng Anlag, déi fir d'Energieversuergung do ass.

Eng 300 bis 500 leit sollen dann um Site schaffen. Enger gutt informéierter Source no soll de Stroumverbrauch ongeféier deem entspriechen, wat elo schonn déi aacht gréissten Datenzentren hei am Land zesumme liwweren. Google wéilt relativ séier nom Reklassement vum Terrain méi genee soen, wat si plangen, präziséiert de Jos Schummer, Buergermeeschter vun der Gemeng Biissen.