Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Konjunkturell Entwécklungen am Zeeche vun der Entspanung

Konjunktur-Analys vum Statec

Konjunkturell Entwécklungen am Zeeche vun der Entspanung

D'Eurozon kritt d'Konsequenze vun der Energiekris besser ofgewiert ewéi geduecht a misst och eng Rezessioun evitéiert kréien. Vun der méi gënschteger Lag dierft aller Viraussiicht och déi Lëtzebuerger Wirtschaft profitéieren, dat hält de Statec a senger Konjunktur-Analys vum Mount Februar fest.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Ufank vun dësem Joer steet, grad scho wéi d'Enn vum leschten, am Zeeche vun enger Entspanung wat déi konjunkturell Entwécklungen ugeet.

D'Stéit hu gutt resistéiert

Zwar heescht "keng Rezessioun" net, datt et zu engem generellen Opschwong kënnt, mee ëmmerhi just, sou de Statec, eng Aktivitéit, déi méi lues dréint.

Grond dofir ass, datt d'Resultater vum 4. Trimester an de groussen europäesche Wirtschaftsnatiounen awer besser ausgefall sinn ewéi geduecht, och wann dat allgemengt Klima éischter schlecht ass. Dobäi kënnt, datt d'Stéit och gutt resistéiert hätten. Ënnert anerem - sou de Statec - well den Aarbechtsmaart stabil bliwwe wier.

D'Vertraue vun den Entreprise baut sech nees op

Och zu Lëtzebuerg géif déi méi optimistesch Vue op déi aktuell Situatioun sech bemierkbar maachen. D'Enquêten, déi all Mount bei de grousse Wirtschaftsacteuren duerchgefouert gi, géife fir Februar weisen, datt d'Vertraue vun den Entreprisen sech zanter September 2022 lues a lues erëm géif opbauen.

Allerdéngs stellt de Statec och fest, datt den Optimismus bei de Lëtzebuerger Betriber manner héich ass wéi an anere Länner. Dat wéinst de Resultater am Déngschtleeschtungssecteur, déi och am Januar nach net gutt waren.

Inflatioun vun 3,4 Prozent fir dat lafend Joer

De Statec kënnt dann och op den Immobilie-Marché ze schwätzen, an deem Situatioun och nach duerchwuess wier, wat een direkten Impakt op d'Prête-Geschäft vun de Banken huet. Am Dezember ass d'Zuel vun neien Immo-Prête mat Taux fixe ëm 47 Prozent gefall. Bei Prêten un Entreprise war et eng Baisse vun 29 Prozent.

De Statec rechent da mat enger Inflatioun vun 3,4 Prozent fir dat lafend Joer, a wéi ugekënnegt, datt se d'nächst Joer nach eng Kéier eropgeet op 4,8 Prozent. Confirméiert ginn also eng Indextranche um Enn vun dësem Joer an eng weider am 2. Trimester 2024.