Radioen

On air

Tockcity  |  Amen Dunes - Boys

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konfliktvermeidung wärend dem Confinement

Francis Spautz

Konfliktvermeidung wärend dem Confinement

Wéi kann ee wärend der Quarantän bewosst preventiv handele fir Aggressiounen a Gewalt doheem ze vermeiden? Infomann réit Distanz ze schafen a Gefiller vun Angscht, Onsécherheet a Machtlosegkeet ze acceptéieren. A China oder Italie gouf et wärend der Quarantän méi Fäll vun haislecher Gewalt wéi an normalen Zäiten. Déi aussergewéinlech Zäit ass eng Erausfuerderung fir d'Stéit, seet de Francis Spautz vum Service Infomann.

auto_stories

3 min

De ganzen Interview mam Francis Spautz lauschterenplay_arrow


De Service Infomann, dee sech u Männer a Jongen adresséiert, huet net méi Uriff kritt wéi an normalen Zäiten. Zwee jonk Männer hunn allerdéngs de Service kontaktéiert, well si d'Gewalt doheem net méi wollten iwwer sech ergoe loossen. Si krute vun Infomann eng Hëllef vermëttelt.

De Confinement wier eng aussergewéinlech Situatioun. Wann d'Leit sech a sougenannten normalen Zäiten dacks iwwer de Stress an d'Hektik géife bekloen, esou hätt déi Alldagsroutine och de Virdeel, datt ee Gewunnechten hätt, agefleeschte Verhalensmusteren, déi et erméiglechen, ëmmer nees Distanz ze schafen, mee och d'Aen zouzemaache viru konfliktuelle Situatiounen oder deenen aus dem Wee ze goen, erkläert de Francis Spautz vun Infomann.

"A Quarantän ass dat net oder kaum méiglech, gewësse Konflikter a besonnesch och där mat Persounen, déi eis nostinn, aus de Féiss ze goen. Et kann da séier zu Spannunge kommen, zu Ongedold an Intoleranz, d'Stëmm gëtt séier méi haart, an de Sträit ass déi nächst Etapp."

Jee nodeem, an dacks wann ee guer net domat géif rechnen, kéint et zu Gewaltausbréch kommen, psychesch an dann och zu physescher Aggressioun. Dat kéint ganz séier goen, esou de Francis Spautz.

Preventiv handele géint Aggressivitéit

Fir et net esouwäit kommen ze loosse wier et wesentlech, sech u gewësse Prinzippie bewosst ze halen.

"Et geet drëm Distanz kennen hierzestellen, eventuell Gefiller erauszeloossen awer op net verletzend Aart a Weis, sech eppes Guddes ze dinn, mateneen ze schwätzen an och anzegesinn, wann een ze wäit gaangen ass a matzedeelen, datt et engem Leed deet oder ëm eng Entschëllegung froen."

Et wier wichteg sech bewosst ze sinn, datt et eng Erausfuerderung wier, sech net fräi kënnen ze beweegen, ageschränkt ze sinn a sech agespaart ze fillen.

Versteesdemech a Bewosstsinn vu sengen eegene Gefiller

Verschidde Situatioune wärend der Quarantän wiere verständlech, seet de Francis Spautz:

" Et ass ganz verständlech sech ohnmächteg ze fillen a veronséchert ze sinn, well ee keng Kontroll iwwer d'Situatioun huet. Normal wier et de Virus ze fäerten oder een aneren dermat unzestiechen, et ass och verständlech sech doheem ageengt oder isoléiert ze spieren. Et ass och verständlech sech Suergen ze maachen ëm d'Gesondheet, ëm seng Léifsten, an och ëm déi berufflech a finanziell Existenz."

Alles dat wier belaaschtend a géif d'Méiglechkeete vu Selbstbestëmmung aschränken oder sech an deen aneren eranzefillen. De Stress géif och gär dozou verleeden no engem Schëllegen ze sichen, ënnersträicht de Francis Spautz.

Gewalt ass keng Léisung

Et géif kee Grond a keng Entschëllegung dofir gi seng Nout a säi Frust un Aneren auszeloossen, ënnersträicht de Francis Spautz. All Mann hätt selwer d'Verantwortung fir sech a säin Ëmgang mat Iwwerfuerderung, Onsécherheet a Roserei.

"Gewalt ass KENG Léisung. Dofir, so NEE zu Gewalt, och wann s de dech provozéiert fills," ass den Haaptmessage vum Francis Spautz vum Service Infomann zu de Situatiounen, wann een a Quarantän ass.


N.B. Männer, déi eng Berodung brauchen, kënne sech um Internetsite www.Infomann.lu informéieren a mellen.