Radioen

On air

Moiesstudio  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Konferenz iwwer Energie-Charta: Reform eventuell vum Dësch

ENERGIE-CHARTA-TRAITÉ

Konferenz iwwer Energie-Charta: Reform eventuell vum Dësch

Haut um Dënschdeg kommen an der Mongolei Vertrieder aus den 53 Natiounen zesummen, déi den "Energie-Charta-Traité" ënnerschriwwen hunn. D'Zukunft vum Traité ass ongewëss - ëmsou méi, nodeem et an der EU keng Majoritéit méi fir eng Reform ze gi schéngt.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Op der Reunioun zu Ulaanbaatar, an der Haaptstad vun der Mongolei, wäert de Grand-Duché genee ewéi de Rescht vun den EU-Memberlänner vun der Europäescher Kommissioun vertruede ginn.

Den Energie-Charta-Traité gëtt et zanter de 90er Joren, säin Zil war et bis elo virun allem, Investitiounen a fossil Energie ze schützen. Dat steet am Widdersproch mam Klimaschutz, hunn eng Partie EU-Länner argumentéiert a sinn aus dem Traité erausgeklommen.

Keng Majoritéit fir Reform an der EU

De leschte Freideg hat eng Propose vun der Kommissioun, fir den Energie-Charta-Traité ze reforméieren, keng Majoritéit ënner de Memberlänner krut. Dat louch virun allem dorun, datt sech Frankräich, Däitschland a Spuenien enthalen hunn. Deemno reest d'Kommissioun elo ouni Reformpropose am Gepäck an d'Mongolei an huet gefrot, datt dee Punkt vum Ordre du jour soll erofgeholl ginn.

Lëtzebuerg hat fir déi Reform gestëmmt, obschonn de Grand Duché deen nämmlechten Dag annoncéiert hat, aus dem Traité erauszeklammen. D'Land hätt trotzdeem een Interêt un där Reform, weist den Energieminister Claude Turmes de Reproche vun engem Widdersproch zeréck.

Well dat een Investititounsschutztraité ass, gëlle verschidde Klauselen, an déi si manner schaarf an engem reforméierten Traité, wéi wann en net reforméiert ass. Notamment déi Klausel, déi seet, datt déi Protektioun an domat och d'Recht ze kloen, der Reform no vun 20 op zéng Joer soll reduzéiert ginn.

Lëtzebuerg huet sech un anere Länner orientéiert

Lëtzebuerg hat laang op déi Reform gesat. Si géif awer net wäit genuch goen, seet elo de Claude Turmes. Datt et e bësse gedauert huet, éier d'Decisioun gefall ass, erauszeklammen, huet och domat ze dinn, datt ee sech un aneren orientéiert huet, doraus mécht den Energieminister keen Heel:

"Et war esou, datt mir effektiv e bësse gekuckt hunn, wéi d'Nopeschlänner sech géife positionéieren."

Op d'Fro, ob d'Regierung eng Evaluatioun iwwer den Impakt vum Austrëtt op d'Lëtzebuerger Finanzplaz gemaach huet, wollt de Claude Turmes net am Detail äntweren.

Géif ee Fong mat Sëtz zu Lëtzebuerg op der Basis vun deem Traité kloen, fir d'Interête vu fossillen Energien ze verdeedegen, géif dat "ee Schued fir déi Finanzplaz, déi als politeschen Optrag huet, a Richtung erneierbar Energien a gréng Investitiounen ze goen" bedeiten, esou de grénge Minister. Dat wier och een Argument gewiescht, fir aus dem Traité erauszegoen.

Sechs Memberlänner hunn Austrëtt annoncéiert

Niewent Lëtzebuerg hunn och Frankräich, Däitschland, Spuenien, Polen a Slowenien hiren Austrëtt aus dem Energie-Charta-Traité annoncéiert. Italien ass schonn zanter 2016 net méi Member. D'Fro stellt sech ëmmer méi, ob d'EU als Ganzt sollt am Traité bleiwen. Lëtzebuerg huet bis elo dozou keng kloer Positioun:

"Dat ass och nach net esou kloer, ob dat iwwerhaapt op d'Tapéit kënnt, et war e bëssen iwwerraschend dat et e Freideg zu där Spärminoritéit komm ass an do musse mer elo mat deenen anere Länner diskutéieren, wéi et an deem Dossier virugeet."

D'EU-Kommissioun waart elo drop, een neit Mandat vun de Memberlänner ze kréien: "Nous devons discuter les prochaines étapes avec les états membres", sot e Méindeg eng Spriecherin vun der Kommissioun.

Eng éischt Diskussioun ënner den Energieministere wäert dësen Donneschdeg op enger Reunioun zu Bréissel gefouert ginn.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.