Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Private Secteur soll encouragéiert ginn

Konferenz fir Nees-Opbau vun der Ukrain

Private Secteur soll encouragéiert ginn

Op enger internationaler Konferenz mat Representanten aus iwwer 60 Länner sollen dëse Mëttwoch an Donneschdeg Grondstee geluecht gi fir den Nees-Opbau vun der Ukrain. Mat derbäi sinn och Dausende vu Vertrieder aus dem private Secteur. Privat Entreprise wäerten eng Haaptroll beim Nees-Opbau spille sot d'Cheffin vun der europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Am Mëttelpunkt vun der Konferenz steet d'Fro, wéi d'Entreprisë kënnen encouragéiert ginn, an der Ukrain ze investéieren.Dofir geet et an där Konferenz virun allem drëm, interesséiert Entreprisen zesummenzebréngen. Et geet drëm eng Plattform ze grënnen, sou de Moien de brittesche Premier Rishi Sunak mat der Annonce, datt sech schonn iwwer 4.000 Betriber aus 38 Länner där Plattform ugeschloss hunn.

Si solle méi Sécherheet kréien, fir an der Ukrain ze investéieren - duerch Engagementer a Garantien, vu staatlecher Säit aus verschiddene Länner. All Dag géifen an der Ukrain nei Ruinen entsoen.

Dat heescht, datt d'Ukrain fir Joerzéngten déi gréisste Source fir Wuesstem an Europa ass, esou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, dee per Video zougeschalt war.

De private Secteur ass wichteg

Ouni de private Secteur géif et net goen, huet och d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ënnerstrach.

"We want to match Ukrainian Effort with eu investors"

D'EU wëll europäesch Investisseuren an d'Ukrain bréngen - d'Kommissioun proposéiert dofir een neien Hëllefspak op d'Been ze setzen - vun am Ganze 50 Milliarden Euro - Kreditter a Subsiden, Sue sollen tëscht 2024 an 2027 fléissen a géifen den aktuelle Besoine vum Land ugepasst, sou d'Kommissioun gëschter bei der Presentatioun vun engem neie Budgets-Projet fir d'EU.

D'Ukrain misst am Géigenzuch weider un Anti-Korruptionsmesure schaffen an ee System vun interne Kontrollen op d'Been setzen.

Dee Budget muss awer nach vun den EU-Memberlänner guttgeheescht ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.