Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ KomplEXIT

Riicht Eraus

KomplEXIT

Vu muer u gëtt nees op de Schantercher uechter d'Land geschafft. D'Reprise um Bau ass en éischte Schrëtt um Wee an Etappen zeréck an d'Normalitéit.

auto_stories

3 min

De Secteur vun der Constructioun wier "immens frou, datt et nees lassgeet", seet den Infrastruktur-Minister François Bausch. D'Betriber aus der Branche wiere sech awer och hirer Responsabilitéit bewosst. "Si wëssen: Wann dat elo schif geet, da sti se net gutt do." Jiddweree géif elo ganz genee kucken, wéi d'Zuel vun neien Infektioune sech entwéckelt.

Obligatoresch Maske sinn eng gutt Mesure

Den Infektiolog Vic Arendt geet dovun aus, datt "d'Transmissioun vum Virus duerch déi Reprise e bësse wäert an d'Luucht goen". Hie begréisst awer ausdrécklech, datt d'Regierung elo virschreift, e Schutz viru Mond an Nues ze droen, wann eng Distanz vun zwee Meter net kann agehale ginn.

Dee Krittär vun den zwee Meter hätt ee sech am Fong souguer nach kënne spueren, fënnt den Dokter aus dem Service des maladies infectieuses am CHL. Et hätt ee generell d'Droe vun engem Mask am ëffentleche Raum zur Obligatioun solle maachen. Ouni Exceptioun.

Um Congé collectif festhalen?

De François Bausch fënnt, et kéint een dëst Joer bal net um Kollektivcongé am Bausecteur festhalen. Hie "géif hoffen", datt d'Sozialpartner sech eens ginn, fir dëst Joer op déi Ënnerbriechung ze verzichten. Op d'mannst op verschiddene grousse Chantiere misst dat méiglech sinn, seet hien.

Den Infrastrukturminister weist drop hin, datt een dem Bausecteur no der Kris duerch grouss Konjunkturprogrammer nees op d'Been hëllefe kann. Dat wär bei anere wirtschaftlechen Aktivitéite méi schwéier oder souguer, wéi bei der Restauratioun z. B., onméiglech: "Wann d'Restauranten nees op ginn, wäerte mir ëmmer nach just dräi- an net sechsmol den Dag iessen", sou de grénge Vize-Premier.

D'Nowéie vun der Corona-Kris

En Aarbechtsgrupp vu Fuerscher a Wëssenschaftler hei am Land, deen de sozio-ekonomeschen Impakt vun der Kris analyséiert, weist drop hin, datt de Staat sollt probéieren, alles, wat der Wirtschaft u Perten entsteet, integral ze kompenséieren. "D'Gréisstenuerdnungen, déi elo am Raum stinn, sinn an der Rei" kommentéiert d'Ekonomistin Aline Muller déi néng Milliarden Euro, déi bis elo vun der Regierung mobiliséiert goufen.

Si betount och déi grouss Bedeitung vum Finanzsecteur bei der Bewältegung vun der Kris: Wann d'Banken erëm hir fundamental Roll an der Wirtschaft géife spillen - nämlech derfir suerge, datt d'Suen dohi kommen, wou se gebraucht ginn -, da kéinte si sech vun deem schlechte Ruff befreien, deen hinnen zanter der Finanzkris vun 2008 unhänkt. "Glécklecherweis ass dee Secteur bis elo net vun der Kris affektéiert", ënnersträicht de François Bausch an deem Kontext: Et wier "katastrophal", wann et dee wichtege Pilier vun eiser Ekonomie géif erwëschen.

Een Test fir d'Europäesch Unioun

D'Cheffin vum Luxembourg Institute of socio-economic research (LISER), déi deen ernimmten Aarbechtsgrupp leet, weist awer drop hin, datt - wéinst där oppener Ekonomie - d'Lëtzebuerger Efforte kéinte verpuffen, wann an den Nopeschlänner alles an de Koup fält. Dofir wär eng gemeinsam Demarche op EU-Niveau extrem wichteg, seet d'Aline Muller: "D'Käschte vun enger europäescher Désunioun kéinte kolossal ginn!" D'Fro, déi sech stellt wier déi, ob Europa auseneebrécht an dem Populismus verfält, oder gestäerkt a méi zolidd wéi jee aus der Kris ervirgeet. De François Bausch deelt déi Analys an nennt d'Diskussiounen, déi elo op Europa duerkommen, en "Elchtest fir d'Unioun".

Fir de Vize-Premier ass kloer, datt d'EU hir Scholde-Krittäre muss entschäerfen: d'Staate misste sech wärend enger prezis definéierter Zäit méi staark kënne verschëlden, fir d'Relance ze begleeden, an Investitiounen net just an Infrastrukturen, mee och an e Klima-frëndlechen Ëmbau vun eiser Ekonomie ze finanzéieren.