Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komplementar Sozialwahlen

Sozialwahlen 2019

Komplementar Sozialwahlen

Eigentlech waren d'Sozialwahlen hei am Land am Mäerz. An enger Rëtsch Betriber gëtt awer eréischt haut en neie Betribsrot gewielt. D'Resultater mussen déi betraffen Entreprisen dann der Gewerbeinspektioun ITM erareechen. E Gespréich mam Direkter vun der ITM, dem Marco Boly.

auto_stories

3 min

Den Direkter vun der Gewerbeinspektioun Marco Boly. Foto: Archiv

Wisou gëtt a verschidde Betriber elo eréischt gewielt?

Mir hate festgestallt, datt Betriber un de Wahlen am Mäerz net konnten deelhuelen. Dat huet ënnerschiddlech Grënn: Si hunn et vergiess, hunn net opgepasst, hunn Delaie verjuppt oder sinn iergendwéi an der Plattform hänke bliwwen. Doduerch hu mir nach eng Kéier misse Wahlen organiséieren.

An dann ass et nach sou: Et ass een eligibel wann een ee Joer méi wéi 15 Salariéen a sengem Betrib huet an do sinn elo - vu Mäerz bis elo - ëm déi 20 Firme bäikomm. An déi mussen dann och Wahlen organiséieren, an déi hu mir och op deen Datum gesat.

Wei vill Entreprisë mussen dann am Ganzen un de komplementare Sozialwahlen deelhuelen?

Am Ganze sinn et 256 Betriber, déi mir identifizéiert hunn an dovunner sinn 20 Neier bäikomm.

Wat geschitt, wa Firmen och nach eng zweete Kéier net un de Wahlen deelhuelen, obwuel se missten?

Ech mengen, do gëllt de Code du travail mat deem neie Gesetz vum Dialogue sociale. Ech mengen deen Text ass eendeiteg: et si penal Strofen a Sanctions administratives virgesinn. An do muss ee mol fir d'éischt kucken, éier een do direkt mam decken Hummer drafacht, firwat se elo erëm eng Kéier net un de Wahle konnten deelhuelen.

Vläicht gëtt et jo ee pertinente Grond, firwat et net geet. An da muss een dat mat deene Firmen zesumme kucken. Mee wann een einfach net wëllt, dann huet de Code du travail déi néideg Dispositioune virgesinn.

Gëllt dat och fir déi ronn 20 Entreprisen, déi elo eréischt no den offizielle Sozialwahlen eligibel gi sinn?

Nee, fir déi natierlech net. Mee well déi elo bei eis identifizéiert gi sinn, sinn déi och bei eis gemellt. Déi si jo dann och am Prozess mat dran.

Eng Firma mat méi wéi 15 Salariéë muss bei de Sozialwahle matmaachen. Bis honnert Salariéë gëllt e majoritäre System fir de Betribsrot ze wielen. Doriwwer eraus gëtt et e proportionale System mat Lëschten. Wéi ass et do? Sinn der do och ënner deenen, déi nach eng Kéier musse wielen?

Et ass eigentlech esou, datt et eng Mixtur ass. Et kann een net soen, datt et der méi am Majorzsystem sinn, déi et ratéiert hunn oder méi am Proporzsystem. Do kann een am Fong keng Systematik erausfannen.

Haut mussen d'Betriber hir Resultater erareechen. Wéini kann een do mat offizielle Resultater rechnen?

Mir hu jo eis elektronesch Plattform. Mir hunn d'Zäit vu Mäerz bis elo genotzt, fir déi nach e bësse méi performant ze maachen. Et hänkt elo dovun of, wéi schnell d'Betriber d'Resultat elo deklaréieren.

Mir hunn do e kommunikative System, an deem d'Firmen identifizéiert sinn. A wa si déi richteg Donnéeën eraginn, da kommunizéiert de System mat hinnen. A soubal de System si enregistréiert huet, sinn déi Resultater do. An ech mengen, datt mir de Gros vun de Resultater an 48 Stonnen zesummen hunn. Dat ass relativ schnell par Rapport zu deene Jore virdrun.