Immobilien Pensiounsreserven an de Steen investéiert

D’Zil gouf nach net erreecht, fir fënnef Prozent vun den ëffentleche Pensiounsreserven am nationalen Immobiliësecteur unzeleeën. Dat sot de President vum Kompensatiounsfong Robert Kieffer am 100,7-Interview. 2015 war ee mat knapp 400 Milliounen Euro nach net grad op hallwer Streck.

Serge Kesseler, md

Stone fence texture - building feature. Texture of concrete fence with relief and texture like a stone wall
Foto: Bigstock/Mehaniq

De Kompensatiounsfong ass am Gaang, weider a Bürosimmobilien z’investéieren. Mat ronn 23 Prozent ass de Fong den zweetgréissten Aktionär vun der "Société nationale d'habitation à bon marché". Donieft gëtt un neie Modeller geschafft, fir weider Investissementer vun den ëffentleche Pensiounsreserven am Beräich vun de Wunnimmobilien.

D'Beamten aus dem Logementsministère zesumme mat de Responsabele vum Kompensatiounsfong géifen zënter Méint intensiv analyséieren, wéi "op eng gescheit Aart a Weis" och an de Logement hei am Land kann investéiert ginn, sot de Minister Marc Hansen. "Dat ass fir ze kucken, wat fir eng Modeller kënne fonctionnéieren, déi bei d'Strategie vum Kompensatiounsfong passen".

Wunnprojete geschwënn decidéiert

Eng Decisioun, wou genee am Beräich Wunnimmobilië Suen aus de Pensiounsreserven investéiert ginn, soll an den nächste Woche falen, seet sengersäits de Sozialversécherungsminister Romain Schneider. De Moment géife konstruktiv Gespréicher iwwer Projete gefouert ginn.

"Et geet drëm, datt een déi Suen zum Deel och zu Lëtzebuerg investéiert. Och am Beräich vum Immobilier, virun allem am soziale Wunnengsbau”, sou de Minister.

Um Marché fir Büroen an am Ausland aktiv

Fir d'Investitiounszil vu fënnef Prozent (oder 790 Milliounen Euro) aus de Pensiounsreserven an den nationalen Immobiliëmaart z’investéieren, ass de Kompensatiounsfong, deen d'Reservë geréiert, och weiderhin am Beräich vun de Bürosgebaier aktiv.

De President Robert Kieffer nennt zum Beispill ee Gebai vun iwwer 20.000 Meter Carré um Kierchbierg, an deem d'Europäesch Investitiounsbank dra sëtzt. Um Boulevard Royal géif de Moment den ale Carrefour renovéiert ginn. Op der Stater Gare, nieft der Post, hätt een de Chantier fir eng "Cité de la sécurité sociale" an Ugrëff geholl.

Zënter engem Joer investéiert de Kompensatiounsfong och am Ausland an Immobilien iwwer Bedeelegungen un Immobiliëfongen. Alles an allem sollen hei 3,5 Prozent (ronn 550 Milliounen Euro) vun de Lëtzebuerger Pensiounsreserven ugeluecht ginn.

Méi zum Thema

VW
Ofgas-Skandal

Well Volkswagen am November 2016 zouginn hat, géint Konventiounen an den USA verstouss ze hunn, koum den däitsche Konzern op déi schwaarz Lëscht vum Lëtzebuerger Kompensatiounsfong.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen