Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kommunal Äppel an national Bieren"

Superwaljoer 2023

"Kommunal Äppel an national Bieren"

2023 ass ee Superwaljoer: Just véier Méint leien tëschent de Gemengewalen am Juni an de Chamberwalen am Oktober. Tëschent deenen zwou Wale wäert iwwer eng Fro sécherlech vill diskutéiert ginn. A wéi leet ee sech am beschten un fir op dës Fro eng Äntwert ze fannen?

auto_stories

5 min

Déi éischt, déi ee Froe kann, sinn déi Leit, déi sech mam Walverhale vun de Leit beschäftegen: d'Wëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg. Déi konzentréiere sech awer op d'Chamber- an Europawalen, a kënne fir de Verglach vun deene Wale mat de Gemengewale wéineg hëllefen, seet de Philippe Poirier, Politolog vun der Uni Lëtzebuerg.

"Il n'y a jamais eu d'étude du comportement électoral des Luxembourgeois et des étrangers aux Communales."

A wann een d'Leit op der Strooss freet, da kritt een ënnerschiddlech Äntwerten. Verschiddener bleiwen hirer Ideologie beim wielen trei, anerer soen et misst een ënnerschiddlech Choixen treffen, well d'Gemengewale jo schliisslech keng Nationalwale sinn.

Déi zwou Walen also léiwer net matenee vergläichen?

Et ginn op alle Fall eng ganz Rei Grënn, firwat d'Walverhale lokal an national anescht kann - oder souguer muss - sinn.

Ugefaangen domadder, datt bei de Gemengewalen och Auslänner dierfe matstëmmen. Dës Kéier sinn dat ronn 50.000 Leit, deenen hir Meenung bei de Chamberwalen net gefrot gëtt.

Aneren Ënnerscheed: Ee Fënneftel vun de Lëtzebuerger Wielerinnen a Wieler liewen an enger Majorzgemeng, wou keng Parteilëschten untrieden. Hire Vott feelt also beim Verglach mat de Chamberwalen.

An dann huet een deels guer net dee selwechte Choix. Mëttlerweil trëtt keng Partei méi an alleguerten de Proporzgemengen un, an et ginn ëmmer méi Biergerlëschten. Dat ass bei Chamberwale jo definitiv anescht.

Ginn et Argumenter géint ee Verglach?

Argumenter géint ee Verglach ginn et. Dat wichtegst Argument ass, datt an eisem Walsystem wéinst dem Panachage Persounen eng grouss Roll spillen.

Déifferdeng ass do ee gutt Beispill: Wéi de Claude Meisch vun der DP do Buergermeeschter war, krut d'DP bei de Gemengewalen deels iwwer 40 Prozent vun de Stëmmen. Duerno koum de Roberto Traversini vun déi gréng, an op eemol haten déi gréng ee Score vun iwwer 35 Prozent bei Gemengewalen. Par conter hunn déi Deifferdenger deenen nämmlechte Parteie bei Chamberwale bäi wäitem ni esou vill Stëmme ginn. D'Walverhale war also definitiv ee ganz anert.

Ee Verglach hätt also net vill wäert, oder?

Effektiv, et ass ee gewoten Exercice. De Soziolog Fernand Fehlen huet dat eng Kéier ganz treffend als de Verglach vu kommunalen Äppel mat nationale Biere bezeechent. Mee well ee kéint dervun ausgoen, datt lokal Schwankunge sech méi oder manner ausgläichen, wann een all d'Proporzgemengen zesumme kuckt, da kéint een den nationale Score vun de Parteie bei de Gemengewalen duerchaus mat hirem Score bei de Chamberwale vergläichen. Wann och mat vill Virsiicht, wéi hie betount.

Mee wéi fält dee Verglach konkret bei de leschte Gemengen- a Chamberwalen aus? Déi lescht Gemengewale waren am Oktober 2017 an do gouf genau wéi haut spekuléiert, ob et eng Testwal fir d'Chamberwalen d'Joer drop wier. Besonnesch fir d'CSV, déi nees zréck an d'Regierung wollt.

Dat ass awer net opgaangen: D'CSV hat ee super Resultat bei de Gemengewalen, mee ee Joer drop een historesch schlecht Resultat bei de Chamberwalen. Si verléiert zwee Sëtz a bleift an der Oppositioun.

Do war den Trend am Fong relativ koherent: d'LSAP huet souwuel bei de Gemenge- wéi bei de Chamberwalen däitlech un Zoustëmmung verluer. D'DP erlieft bei béide Walen ee liichte Stëmmeverloscht.

An déi gréng erreeche bei de Gemengewale mat iwwer 16 Prozent vun de Stëmmen hiren historesch beschte Score. Dat selwecht geléngt hinnen d'Joer drop bei de Chamberwalen.

D'Joer 1999 als Verglach?

1999 louch ee Joer tëscht den zwee Walterminer. Dës Kéier sinn et just véier Méint. Dat war fir d'lescht 1999 de Fall.

D'Situatioun war just liicht eng aner, well d'Chamber als éischt am Juni gewielt gouf, an duerno waren d'Gemengewalen am Hierscht.

An deemools gouf et och nees fir déi meeschte Parteien u sech eng änlech Dynamik, notamment fir de grousse Walgewënner dat Joer, d'DP. Awer zum Beispill och fir d'CSV an déi gréng, déi bei béide Wale Stëmme verluer hunn.

Anescht ass et deemools awer bei der LSAP gewiescht: D'Sozialiste loosse bei de Chamberwalen 1999 Plomme gelooss, kënne sech awer als stäerkste Partei an de Gemenge behaapten.

Also nees duerchaus eng Rei Koherenzen, awer och Ënnerscheeder.

Wéi eng Conclusioun kann een dorausser zéien?

Offensichtlech ass d'Walverhalen ze ënnerschiddlech, fir elo am Juni no de Gemengewalen eendeiteg Prognose fir den Oktober ze maachen.

Mee egal wéi vill ee bei engem Verglach muss nuancéieren: D'Gemengewale wäerten egal wéi politesch als Stëmmungsbarometer gedeit ginn. An d'Parteien zielen eis dat och esou, och wa se offiziell ëmmer betounen, et wieren zwee Puer Schong.

D'Kräftemoossen huet elo schonn ugefaange mat de Parteien, déi houfreg sinn iwwer d'Zuel vu Gemengen an deene se mat enger Lëscht untrieden.

Mir wäerten also ganz genau kucken, wien an de Proporzgemengen insgesamt wéi vill Stëmme kritt. Ebe well d'Gemengewalen erlabe fir ze kucken, wéi staark Parteien uechter d'Land verankert sinn.

An dat gesäit de Philippe Poirier vun der Uni Lëtzebuerg iwwregens och esou. Hien nennt d'Beispill vun der Piratepartei, déi aktuell an de Sondagë gutt ofschneit fir d'Chamberwalen, an och an 13 Gemenge wäert untrieden. An dat kéint ee sech den 11. Juni roueg och méi genau ukucken, seet de Politolog

Et kéint een also soen, datt et net falsch ass, fir d'Gemengewalen och als Generalprouf fir d'Chamberwalen am Hierscht ze consideréieren, mat eben deene ganz villen Nuancen, déi een dobäi bedenke muss.