Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kolmer-Bierg momentan géint Fusioun

Nordstad

Kolmer-Bierg momentan géint Fusioun

De Buergermeeschter vu Kolmer-Bierg wëllt sech mëttel- oder laangfristeg op kee Fall enger Gemengefusioun verschléissen. De Moment wier een awer nach net prett fir eng "riseg-grouss Fusioun".

auto_stories

4 min

De Gemengerot an der eenzeger Nordstad-Gemeng aus dem Wahlbezierk Zentrum, Kolmer-Bierg, hat e Freideg mat aacht Stëmme bei enger Enthalung géint eng Bedeelegung un Diskussiounen iwwer eng Fusioun gestëmmt. Trotz dem Resultat vun dësem Vott géif ee sech der Nordstad als Syndikat net verschléissen, ënnersträicht de Buergermeeschter.

Zesummenaarbecht als éischt verdéiwen

Et hätt een et léiwer gesinn, datt d'Zesummenaarbecht tëschent de sechs Nordstad-Gemenge fir d'éischt op dësem Niveau verdéift gi wier. Mat enger Fusioun géif e Schrack iwwerspronge ginn, erkläert de Christian Miny. De Schäfferot géif d'Meenung vertrieden, datt d'Gemeng Kolmer-Bierg momentan nach net fir sou eng "riseg grouss Fusioun" prett wier. "Ech menge mir kéimen do vun 2.200 Awunner op direkt iwwer 20.000." Dat wier een ze grousse Sprong fir dëse Schrëtt elo schonn ze woen.

Wat déi weider Zesummenaarbecht tëschent de sechs Nordstad-Gemengen ugeet, esou soll et dem Kolmer Buergermeeschter no virop d'selwecht virugoen, wéi bis elo. Am Comité politique hätt ee bis ewell gutt zesummegeschafft. Déi aner Gemenge missten och nach hire Vott huelen, an da géife se mat Sondéierungsgespréicher ufänken. "Dat wäert jo dann awer och mol nach e puer Joer daueren, bis et dann eventuell tatsächlech zu enger Fusioun kënnt."

Dikrech a Bettenduerf stëmmen als nächst of

Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng op der Sauer hate sech am September fir Sondéierungsgespréicher iwwer eng Fusioun ausgeschwat. D'Gemengeréit vu Bettenduerf an Dikrech wëllen dës Fro d'nächst Woch, respektiv Ufank Dezember beäntwerten.

Den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen (LSAP) rechent domat, datt den Dikrecher Gemengerot a senger nächster Sitzung Ufank Dezember fir Diskussiounen iwwer eng méiglech Fusioun mat aneren Nordstad-Gemenge wäert stëmmen. Hie rechent och mat engem positive Vott, ouni datt hien de verschiddene Parteie wëllt virgräifen.

De Gemengerot vu Bettenduerf wäert den iwwernächste Mëttwoch Positioun huelen. D'Buergermeeschterin wëllt dësem Vott och net virgräifen. D'Pascale Hansen géif sech wënschen, "datt eng Vertrauensbasis tëschent deene fënnef Schäfferéit do wier, an datt an aller Transparenz géif geschafft ginn". Da kéint een d'Gemengefusioun och zu engem ganz positiven Enn féieren, seet si.

Vott vu Kolmer soll aner Gemengen net blockéieren

Et misst een elo de Verglach zéien, wat de Méiwäert fir déi ganz Regioun vun enger grousser Gemeng wier, esou d'Co-Presidentin vum Comité politique Nordstad. Den negative Vott e Freideg zu Kolmer-Bierg bedauert si: "Et ass schued, datt Kolmer net dobäi ass. Mee ech mengen, dat dierf déi aner fënnef Gemengen awer net dovun ofhale fir am Sënn vun der Nordstad elo weider ze schaffen an natierlech och an nächster Zukunft Kolmer net auszeschléissen", esou d'Pascale Hansen.

De Buergermeeschter vun Dikrech, Claude Haagen, stellt fest, datt Kolmer-Bierg de Moment net wéilt an der Nordstad sinn, mee dat d'Gemeng iwwer Konventioune mat den anere fënnef Gemenge wéilt matschaffen.

Wéini et fréistens zu enger Gemengefusioun an der Nordstad kéint kommen, dozou wëllt de Claude Haagen de Moment keng Ausso maachen. Nom Vott an alle Gemengeréit, misst een d'Resultat vun de Gespréicher ofwaarden an déi eventuell Referenden. Da kéint een nach ëmmer en definitive Fusiounsdatum festleeën.

D'Fro, ob an de Koalitiounsverhandlunge vun DP, LSAP an déi gréng schonn iwwer d'Thema Gemengefusioune geschwat gouf, wollt den LSAP-President Claude Haagen net beäntwerten.


De Serge Kesseler am Panorama, den 19. November um 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow

De Serge Kesseler am Panorama, den 20. November um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow