Chamberwahlen 2018 Koalitiounsverhandlungen: "Eppes Gemeinsames wiewen"

Déi éischt Gespréicher iwwer déi gemeinsam Zieler vun der neier Regierung ware méi kuerz wéi geplangt, well ee "relativ séier" een "zimlech breede Konsens" fonnt hätt, seet de Chef vun der grénger Verhandlungsdelegatioun Félix Braz.

Serge Kesseler / cz

Koalitiounsverhandlungen
Foto: SIP / Emmanuel Claude

"Ech sinn haut nach méi iwwerzeegt, wéi virun zéng Deeg, datt mer nees een ambitiéise gemeinsame Koalitiounsaccord wäerte fannen", seet de Félix Braz. Vun Ufank un hätt hie keen Zweiwel doru gehat. D'Echoen aus den themateschen Aarbechtsgruppen an aus der Plenière vun de Koalitiounsgespréicher am Ausseministère géifen dës Impressioun awer nach bestätegen, seet de Chef vun der grénger Verhandlungsdelegatioun.

Dat éischt Gespréich um groussen Dësch um zweete Stack vum Ausseministère e Freideg, iwwert déi gemeinsam Zieler an de geplangten neie Projet vun DP, LSAP an deene Grénge wier ganz interessant gewiescht, fënnt de Félix Braz. Hie confirméiert, datt dëst Gespréich méi kuerz war, wéi geplangt.

"Grousst Potential fir Lëtzebuerg no vir ze bréngen"

Hien hätt den Androck, datt ee relativ séier een zimlech breede Konsens géif fannen. D'Ambitiounen, déi ee fir déi nächst fënnef Joer an doriwwer eraus hätt, wieren op deene meeschte Punkte "gedeelten Ambitiounen".

Déi gemeinsam Aarbecht aus de leschte fënnef Joer wier eng zolidd Basis fir d'Zukunft.

Hie wier sech den historeschen a programmateschen Ënnerscheeder tëscht de Parteie bewosst, mee wann een aus deenen Differenzen "eppes Gemeinsames" géif "wiewen", da géif hie grousst Potential gesinn, fir Lëtzebuerg "nach eng Kéier e grousse Schrack no vir ze bréngen".

Bei de Gespréicher an der Plenière am Ausseministère ass elo Paus bis de 14. November, fir datt déi eelef Aarbechtsgruppe kënne schaffen, sou de Félix Braz.

Am Aarbechtsgrupp Justiz, deen hie presidéiert géif ee ganz gutt viru kommen. Aus aneren Aarbechtsgruppe géif hien ähnlech Echoe kréien. Hie rechent domat, datt een och an den nächste Woche gutt géif viru kommen.

"Wichteg fir e belaaschtbaren Accord ze fannen"

D'Reunioune fir een neie Koalitiounsaccord auszeschaffen, lafen zënter knapp zwou Wochen. D'lescht Woch haten DP, LSAP an Déi Gréng virun allem Entrevuë mat Verwaltungen a mat de Sozialpartner.

Wichteg wier et fir e belaaschtbaren Accord fir déi nächst fënnef Joer ze kréien, betount de Chef vun der grénger Verhandlungsdelegatioun. De Félix Braz ass optimistesch, fir d'Koalitiounsverhandlungen an ähnlechen Delaien, wéi viru fënnef Joer kënnen ofzeschléissen.

Fir de Moment huet de Formateur Xavier Bettel sechs weider Seancen am grousse Krees am Ausseministère ugekënnegt: dat tëschent dem 14. November an dem 28. November. An den 11 themateschen Aarbechtsgruppe gëtt dës an déi nächst Woch viru geschafft.


Panorama-Bäitrag vum Serge Kesseler:

Lauschteren

Méi zum Thema

Paul Galles a François Benoy
Chamberwahlen 2018

Hie wier ee "grousse Frënd vun der Dräier-Koalitioun", seet de François Benoy vun déi gréng. De Paul Galles vun der CSV bedauert, datt no de Wahlen eng schwaarz-gréng Koalitioun net méiglech war.

Jean-Claude Franck Analys
Chamberwahlen 2018

Wéi sinn déi ënnerschiddlech Deklaratioune vun der CSV z'interpretéieren zanter hirer Wahlnéierlag de leschte Sonndeg? A wéi probabel ass e Succès vun de Koalitiounsverhandlungen tëscht DP, déi gréng an LSAP?

Marc Goergen
Chamberwahlen 2018

Tëscht DP an LSAP situéiert de Marc Goergen seng Partei am politesche Spektrum. Mat engem Akzent op Ëmweltthemen. D'Pirate wéilten - anescht wéi déi gréng - Ureizer ginn an net Verbueter schafen.

Sammy Wagner
Chamberwahlen 2018

Den LSAP-Parteipresident an den LSAP-Generalsekretär missten aus dem Wahlechec vun de Sozialiste Konsequenzen zéien. Dat fuerdert de Sammy Wagner, den LSAP-Schäffe vu Stengefort.

Philippe Poirier
Chamberwahlen 2018

D'LSAP an d'CSV hätte bei dëse Wahle Stëmme verluer wéinst engem strukturelle Problem vum Elektorat. Dat seet de Politolog Philippe Poirier. Déi politesch sozialistesch a chrëschtlech-sozial Kulturen wiere mëttlerweil méi kleng ginn.

Wiseler Spautz.jpg
Chamberwahlen 2018

Wou d'Rees hi geet, dat wëllt de Claude Wiseler dem CSV-Nationalrot den Dënschdeg den Owend soen. Dee Moment géif hien och d'Ëffentlechkeet "net nëmme prinzipiell, mee och ganz am Detail", informéieren.

Jean-Claude Franck
Chamberwahlen 2018

Et gouf Stëmmeverloschter fir d'CSV, d'LSAP an d'DP, zu Gonschte vun déi gréng, de Piraten an och der ADR. Dat ass de Resumé vun de Chamberwahlen. De radio 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert.

Claude Lamberty, Carole Dieschbourg, Laurent Zeimet, Alex Bodry
Chamberwahlen 2018

D'Dräier-Koalitioun kann arithmetesch weidergefouert ginn. D'Spëtzepolitiker vu Blo-Rout-Gréng hu sech dofir ausgeschwat, d'Parteigremie mussen nach zoustëmmen. Wéi geet et virun no de Wahlen?

Koalitiounsgespréicher
Chamberwahlen 2018

Just zwou Koalitiounsméiglechkeeten hunn no de Wahlen eng Majoritéit an der Chamber. Um Wahlowend deiten d'Politiker vun der Dräier-Koalitioun un, datt si wëlle weidermaachen. Mee wéi sécher ass et?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen