Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kloert Bekenntnis zur Dräierkoalitioun"

No Artikel am "Lëtzebuerger Land"

"Kloert Bekenntnis zur Dräierkoalitioun"

Vun DP, LSAP an déi gréng gëtt et e "ganz kloert Bekenntnis fir d'Dräierkoalitioun", sou d'Reaktioun vum grénge Parteipresident Christian Kmiotek op d'Nouvelle haut Freideg an der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land. Rieds geet do vun enger "onmoralescher an handfester Offer" vun der CSV un den DP-Premier Xavier Bettel an un den LSAP-Vize-Premier Etienne Schneider, fir eng Zweeërkoalitioun mat der CSV ze forméiere mat engem CSV-Verzicht op de Poste vum Premierminister.

auto_stories

3 min


De Bäitrag vum Serge Kesseler:

Lauschterenplay_arrow


"Et wier besser, d'CSV géif sech erëm op hir politesch Aarbecht konzentréieren", fënnt de Christian Kmiotek. D'CSV hätt geduecht, datt déi gréng wéinst der Krankheet vum Félix Braz geschwächt wieren, mengt de grénge President.

Bei der interfraktioneller Sitzung mat de Regierungsmembere vun de Majoritéits-Parteien dëse Mëttwoch wier "net oppen" iwwer d'Offer vun der CSV geschwat ginn, sou de grénge Parteipresident.

Franz Fayot: "Wann et dann esou een Angebot ginn hätt, kënnt dat natierlech net a Fro"

Den LSAP-Parteipresident Franz Fayot seet, hie wéisst "näischt direkt" vun enger CSV-Offer. Momentan géif d'Land vun enger Dräierkoalitioun bestoend aus déi gréng, LSAP an DP regéiert ginn, an dat géif och sou bleiwen. "Wann et dann esou een Angebot ginn hätt, kënnt dat natierlech net a Fro", sou de Franz Fayot.

Claude Lamberty: Koalitioun mat der CSV ass keen Thema

"Verschidde Leit hunn Dreem, déi sech net wäerten erfëllen", sou den DP-Generalsekretär Claude Lamberty mat Bezuch op d'CSV-Offer un DP an LSAP. D'DP géif zu der aktueller Koalitioun stoen, an et géif ee sech momentan op d'Ëmsetze vum Koalitiounsaccord konzentréieren. "Alles anescht ass zu kengem Moment een Thema gewiescht a wäert och keen Thema ginn", sou de Claude Lamberty.

Hie géif et éischter amüsant fannen, datt bei der CSV verschidde Leit probéiere géife fir "Saachen ze streeën", esou de Generalsekretär vun der Demokratescher Partei.

Update 15:30

DP an LSAP hunn de Virschlag gemaach kritt, fir Zweeër-Koalitioune mat der CSV. Dat confirméiere souwuel d'DP-Presidentin Corinne Cahen wéi och den LSAP-Vize-Premier Etienne Schneider haut Freideg nom Regierungsrot.


De Bäitrag vum Serge Kesseler:

Lauschterenplay_arrow


Si wier vun enger Persoun aus der CSV kontaktéiert ginn, mat der Fro ob d'DP prett fir eng Koalitioun mat der CSV wier, esou d'Corinne Cahen. Den Etienne Schneider huet gesot, hien hätt vun enger "personne interposée" virgeschlo kritt, fir eng Koalitioun mat der CSV anzegoen, an där hien - Etienne Schneider - Premier kéint ginn.

Béid Politiker soe si hätten d'Offere refuséiert.

D'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat geschriwwen, datt déi béid Majoritéitsparteie viru Kuerzem Zweeër-Koalitioune mat der CSV offréiert kritt hätten.

D'CSV-Fraktiounscheffin huet haut vu "Rumeurë" geschwat. Offiziell Gespréicher iwwer Offeren hätten et net ginn, sou d'Martine Hansen.