Gesondheetssecteur un der Limitt Klinicken: Psychiatresch Versuergung "kéint zesummebriechen"

Den Direkter vun der Psychiatrie an den Hopitaux Robert Schuman warnt, déi psychiatresch Versuergung an eise Klinicke kéint geschwënn zesummebriechen. D'Zuel vun de psychiatresche Patienten hätt duerch de Stress vun der Corona-Pandemie zougeholl, an doduerch missten d'Psychiateren an de Klinicken am Moment nach méi Iwwerstonne maachen, esou den Dr. Jean-Marc Cloos.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Dr. Jean-Marc Cloos

"A menger Ekipp géif ech soen, datt ongeféier een Drëttel wierklech net méi wäit vum Burnout fort ass", esou de Jean-Marc Cloos. Et géif een och fir Garden nuets erausfueren an den aneren Dag viruschaffen, esou datt een "e gudden Deel méi" wéi 40 Stonnen d'Woch géif schaffen. "An dat kann een eng Zäitche matmaachen. Dat kann een awer elo net nach méintelaang weidermaachen."

Verschidde politesch Messagen hätten net gehollef

Den Dr. Jean-Marc Cloos gëtt ze bedenken, verschidde politesch Messagen wieren an dem Kontext net hëllefräich gewiescht.

"Wann een dann an deem Moment de Message gëtt: Bon, dir däerft elo 60 Stonne schaffen, nodeems d'Persounen deelweis kee Congé haten an elo fäerten, datt et erëm esou lassgeet, wéi bei der éischter Well - dat ass psychesch immens ustrengend. An do kann ee vu posttraumatesche Stresssyndromer, bis zu Burnout, bis zu anere psychesche Problemer, wéi Schlofstéierungen alles kréien."

Fir d'Personal an den Hopitaux Robert Schuman psychologesch ze ënnerstëtzen, soll elo e spezielle Programm op d'Bee gestallt ginn, esou nach den Dr. Jean-Marc Cloos.

Capacitéitsproblemer kënnege sech däitlech un

De Coronavirus gräift eis Otemweeër un, mee en ass och eng psychologesch Belaaschtung fir déi ganz Gesellschaft. D'Pandemie kéint och psychesch Krankheeten ausléisen, vu Burnout an Depressiounen hin zu suizidalem Verhalen. Aner Leit géif "delirant" ginn, esou de Jean-Marc Cloos. "Ech hunn eng Bett-Beleeung vu bal 100 Prozent am Moment an der Psychiatrie."

Aktuell géif och den Undeel u Persoune klammen, déi an d'Consultatioune kommen, déi virun der Coronavirus-Epidemie keng Virsymptomer haten.

"Am Moment geet et nach. An enger Klinik hu se en Deel vun de programméierbaren Aktivitéiten zougemaach. Mee och dat kreéiert da Waardelëschten, an deenen, déi op der Waardelëscht sinn, geet et dann iergendwann esou schlecht, datt si dann awer an d'Urgence kommen. Wann d'Leit da massiv an d'Urgence kommen, dann hu mer e Bett-Problem."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Paulette Lenert, Xavier Bettel
Weidere Lockdown méiglech?

Wäert et och hei am Land een zweete Lockdown ginn? Bei iwwer 6.300 aktiven Infektiounen hei am Land goufen en Donneschdeg mat de Stëmme vun den dräi Majoritéitsparteien déi Mesuren decidéiert, déi schonn ugekënnegt waren.

spidol klinik infirmière
Gesondheetssecteur

70 zousätzlech Vollzäitplaze sinn néideg fir d'Aarbecht an de Spideeler elo mol oprecht ze erhalen. Dat seet d'Spidolsfederatioun, déi den Ament mam Gesondheetsministère an der CNS doriwwer verhandelt.

Personal an de Spideeler
Corona-Kris

D'CNS an d'Spideeler hunn nach net gekläert, wéi d'Personal organiséiert a rekrutéiert dierf ginn, wann d'Zuel vun den Hospitalisatioune klëmmt. Et wier awer nach net ze spéit, seet d'Paulette Lenert.

Spidolsbetter
Corona-Pandemie

Deemnächst wäerten d'Spideeler an d'Phas dräi vun der Cellule de crise goen. Verschidden normal Aktivitéite wäerte mussen ëmprogramméiert ginn. Déi gréisst Erausfuerderung wäert et sinn d'Personal ze fannen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen